Radioen

On air

Notturno  |  Schlofardi - Flouer Power

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 50 Prozent manner Bauschutt a méi Flexibilitéit fir de Secteur

Bauschuttdeponien

50 Prozent manner Bauschutt a méi Flexibilitéit fir de Secteur

Wéinst der Kris an der Baubranche gëtt et de Moment hei am Land op d’mannst 50 Prozent manner Bauschutt, esou de Secteur. Dowéinst kënnen déi aktiv Buedemdeponië méi laang bedriwwe ginn. Gläichzäiteg huet d’Regierung op Demande vum Secteur méi Flexibilitéit bei der Gestioun vum Bauschutt ugekënnegt. Wat soll sech änneren? 

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Bigstock

Dat groussherzoglecht Reglement iwwer d’Bauschuttdeponië soll ofgeschaaft ginn. Dat hat den Ëmweltminister Serge Wilmes d’lescht Woch ugekënnegt. 

Andeelung a Regiounen: "Net ze realiséieren"

Wat d’Bauschuttdeponien ugeet, esou huet d’Reglement vun August 2021 d’Land a Regiounen agedeelt. An deene Regioune gouf definéiert, wéi vill Deponien do kënnen entstoen, erkläert de Pol Faber, Generalsekretär vum Groupement des Entrepreneurs,

"Dat war u sech vläicht eng gutt Iddi, mee an der Praxis absolut net ze realiséieren."

De Pol Faber nennt dann och direkt ee konkret Beispill.

"Eng Buedemdeponie wéi Colmer-Bierg huet an deenen haarden Zäite bis zu 12.000 Tonnen den Dag bruecht vu Buedem, deen do ugeliwwert ginn ass. An do kënne mir net méi mat Minimaen oder Maximae fueren. Do muss einfach gekuckt ginn, fir datt - le moment venu - déi enorm Quantitéiten, déi sengerzäit ugefall sinn, datt déi kënnen an d’Deponie bruecht ginn."

Donieft géif et dorëm goen, datt an Zukunft méi wéi nëmmen ee Site an enger Regioun fir eng Deponie kéint entwéckelt ginn, esou de Pol Faber.

"Vue datt mir awer esou ënner Drock waren, hu mir fonnt, datt et am Fong geholl absolut noutwenneg wier, net elo just eng Deponie an enger Regioun ze hunn, mee wann et d’Méiglechkeet gëtt, eng zweet an där Regioun och ze developpéieren, ma da misst een dat och kéinte maachen."

Dëst géing natierlech d’Ofschafe vun deem Reglement mat sech zéien, datt een do net méi limitéiert wier, esou de Pol Faber.

Aktiv Deponien um Enn vun hirem Liewen

De Generalsekretär vum Gruppement vu 45 Bauentreprisen an Administrateur vun der S.A. RECYMA, déi Deponië bedreift, confirméiert, datt dës Changementer op Demande vum Secteur geschéien.

"Mir hunn de Minister Wilmes gefrot, fir effektiv am Kader vum Logementsdësch, fir dat do Reglement kënnen ofzeschafen."

Aktiv Bauschuttdeponien hei am Land géifen et der de Moment véier ginn, erkläert de Pol Faber. Dräi dovu wiere scho relativ um Enn vum hirem Liewen.

"An et ass eng, dat ass Suessem, déi fir de Moment de Gros aus dem Zentrum an aus dem Süden, vu Buedem deen ufält, kann unhuelen. All déi aner Deponië vun deene mir schwätzen, dat sinn am Fong Carrièren, dat heescht do muss de Stee fir d’éischt ofgebaut ginn, éier erëm ka Buedem an déi Sitte verfëllt ginn."

Zäit fir ze plangen ass do

Wéinst der Baukris géif et de Moment ronn 50 Prozent manner Bauschutt ginn, seet de Pol Faber. Dowéinst kréien déi aktiv Deponien eng méi laang Liewenszäit.

"Fir de Moment ass den Drock manner grouss. Wann ech Iech soe 50 Prozent manner, dat ass gewalteg. Dat gëtt eis awer elo vläicht d’Geleeënheet fir an aller Rou kënnen ze kucke fir nei Projeten ze developpéieren."

Et wier een elo also bësse manner am Stress an hätt dofir Zäit, nei Saachen ze plangen, éier de Bausecteur erëm unzitt, esou nach de Pol Faber.

Lauschterenplay_arrow