search

/ Pëtrolspräisser: 5 EU-Länner fuerdere Gewënnsteier op ausseruerdentlech Beneficer

EU

|
reading time

1 min

Pëtrolspräisser: 5 EU-Länner fuerdere Gewënnsteier op ausseruerdentlech Beneficer

Als Reaktioun op déi héich Pëtrolspräisser fuerdere Spuenien, Éisträich, Italien, Portugal an Däitschland eng Gewënnsteier op ausseruerdentlech Beneficer vun Energieentreprisen. Déi fënnef Länner hunn e Bréif mat hirer Fuerderung un den EU-Klimakommissär geschriwwen.

reading time

1 min

Tankstell  | ©  EPA/ANNA SZILAGYI
Tankstell (Foto: EPA/ANNA SZILAGYI)

Mat esou enger Mesure géifen d‘Verbraucher a Steierzueler manner belaascht ginn, esou d'Erklärung vun de fënnef EU-Memberlänner. D'Präishausse beim Pëtrol sinn nämlech just zum Deel duerch de de Krich am Noen Oste bedéngt. Entreprisen notzen d'Penurie um Marché fir hier Präisser an d'Luucht ze setzen.

Entreprisen an d'Responsabilitéit huelen

Spuenien, Éisträich, Italien, Portugal an Däitschland argumentéieren, datt esou eng Stéier gläichzäiteg ee klore Message un déi wier, déi vun de Konsequenze vum Krich profitéieren. Si missten hiren Deel bäidroen.

Eng änlech Urgence-Taxe gouf 2022 agefouert, nodeems duerch de russeschen Aggressiounskrich an der Ukrain d‘Präisser enorm geklomme waren.

Wéi héich dës Tax sollt sinn oder wéi eng Entreprise betraff wieren, gëtt am Schreiwes net preziséiert.