Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ 5 Bicher op der Shortlëscht vum Prix Servais

Literatur

5 Bicher op der Shortlëscht vum Prix Servais

D'Jury vun der Fondation Servais huet d’Shortlëscht mat de Buchtitele fir de Prix Servais verëffentlecht. Fënnef Bicher sinn op där Shortlëscht.

auto_stories

1 min

Foto: Unsplash

Mat der Shortlëscht wëllt d'Jury op d’Diversitéit an d’Qualitéit vun der Literaturproduktioun zu Lëtzebuerg hiweisen an esou zu der Promotioun vun de Schrëftsteller:innen an hire Wierker bei der Lieserschaft esou wéi an der medialer Ëffentlechkeet bäidroen, heescht et.

Op der Shortlëscht stinn:

  • Samuel Hamen mat sengem Roman "Wie die Fliegen“,
  • Chris Lauer mat senge Gedichter "Gut verräumte Sternschnuppen“
  • Isabelle Marinov mat hirem Roman "Boy Underground“
  • Jemp Schuster mat sengem Roman "Béischten“
  • Margret Steckel mat hirer Novell "Mutterrache“

Déi fënnef nominéiert Bicher ginn den 23. Abrëll am CNL virgestallt. D’Laureatin oder de Laureat vum Prix Servais 2024 gëtt Enn Abrëll annoncéiert.