Radioen

On air

Kultur um 5  |  Spot on Brass

play_arrow Live
search

/ 450 Fäll vun Erpressung duerch intim Biller, mee keng Verurteelung

Bilan vun de leschte 6 Joer

450 Fäll vun Erpressung duerch intim Biller, mee keng Verurteelung

Déi lescht 6 Joer huet d‘Justiz hei am Land am Ganzen iwwer 450 Fäll vun Erpressung un Hand vun intime Biller gezielt. A kengem Fall ass den Auteur vun der Infraktioun allerdéngs verurteelt ginn.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
Foto: Adobe Stock

Dës Informatioune ginn aus der gemeinsamer Äntwert vun den zoustännege Minister op eng parlamentaresch Fro zum Thema vun Déi Lénk ervir.

Grond dofir wier, datt den Täter an deene meeschte Fäll net bekannt ass an aus dem Ausland agéiert. Dobäi kéim, datt den Auteur d‘elektronesch Beweiser zerstéiert hätt a se deemno net méi zeréck ze tracéiere wieren. Dacks wieren et jonk Männer, déi ënnert anerem iwwer sozial Medien Affer vun esou Bedruch géife ginn, esou d‘Minister. 

De Kanner a Jugend-Telefon hätt dann déi lescht Joren och eng Hausse vun de Fäll vu "sextorsion“ gesinn, also vun Erpressung duerch Biller oder Videoe mat sexuellem Charakter vum Affer.