Radioen

On air

Notturno  |  Natalie Prass - Sisters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Nischeradio zum Radio fir jiddereen

30 Joer 100,7

Vum Nischeradio zum Radio fir jiddereen

Fir eis hei um Radio ass et haut en Dag fir ze feieren! 30 Joer laang gëtt hei op der Frequenz 100,7 elo scho Programm a Musek gesend. Ass de Radio 100,7 elo erwuesse ginn? Ass en erauskomm aus der Nisch?

auto_stories

8 min

headphones

29 min

play_arrow
D'Sophie Morang, de Carlo Link an d'Dany Weyler

Op Gebuertsdeeg bliedert ee gäre mol a Fotosalben a schwätzt iwwer al Geschichten. De radio 100,7 feiert um 19. September seng 30 Joer an och mir geheien e Bléck zeréck mat den dräi Invitéeë Sophie Morang, Dany Weyler a Carlo Link. Si all hunn e staarke Lien zum Radio a sinn zanter senger Grënnung fir de Radio aktiv.

 

Zanter den Ufäng schafft de Carlo Link als Fräie Mataarbechter fir de radio 100,7. | © Morgane Weidig
Zanter den Ufäng schafft de Carlo Link als Fräie Mataarbechter fir de radio 100,7. (Foto: Morgane Weidig)

"Ganz am Ufank huet een nach mat grousse Bänner geschafft. Déi sinn da geschnidde ginn. A wann ee sech da verschwat hat, huet een et eben nach eng Kéier geschwat mee herno huet een dat da jo missen eraus schneiden. An dann hat een heiansdo Stécker ronderëm den Hals hänken an dann huet ee se rëm richteg missen zesumme pechen."

D'Sophie Morang ass Noriichtespriecherin zanter den Ufäng vum radio 100,7 | © Morgane Weidig
D'Sophie Morang ass Noriichtespriecherin zanter den Ufäng vum radio 100,7 (Foto: Morgane Weidig)

"Effektiv déi hallwe-Stonnen-Emissiounen dat war scho grouss. Dat war e Band vu 25 Zentimeter Duerchmiesser. A wann s de do net oppass, dat huet sech wéi e Fuessbännchen lassgewéckelt an dann, bonne chance. Dat konnts de knécken dat krus de ni méi sou zesummen."

 

D'Dany Weyler war vun Ufank un dobäi fir d'relations publiques | © Morgane Weidig
D'Dany Weyler war vun Ufank un dobäi fir d'relations publiques (Foto: Morgane Weidig)

“Sou sinn ech eigentlech bei dee Radio komm. Ech hu mech ganz normal beworben an du gouf et jo schonn en Direktiounswiessel dofir krut ech do keng Äntwert. A bemol koum e Bréif an d’Haus geflattert. An dat hunn ech och immens verhale well dee Bréif war op Lëtzebuergesch, dat hunn ech mer déi 30 Joer verhalen.”

Lauschtert dat ganzt Gespréichplay_arrow