Radioen

On air

Notturno  |  Daniel Rossen - Shadow In The Frame

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 286 Persoune wärend Schueberfouer vum CGDSI en charge geholl ginn

Schueberfouer

286 Persoune wärend Schueberfouer vum CGDSI en charge geholl ginn

286 Persounen si wärend den 21 Deeg, déi d‘Schueberfouer gedauert huet, vum CGDIS en charge geholl ginn. Dat deelt den nationale Rettungsservice a sengem Bilan mat.

auto_stories

1 min

A 45 Fäll huet d‘Ambulanz eng Persoun missten an d‘Klinik féieren, 14 Mol war de SAMU am Asaz. Am Allgemenge goufen et d‘Weekender déi meeschten Interventiounen, an den Dag, wou de CGDIS am meeschten ze dinn hat war dëse Sonndeg, do hunn 30 Persoune misste betreit ginn, 10 hu missten an d‘Klinik bruecht ginn.

Eng technesch Interventioun, zum Beispill e Feier oder eng Rettungsaktioun, ass et keng ginn.