26.5. Generatiounen

Generatiounen

En Diplom fir d'Gaardenanlag Matgesfeld

Den Office International du Coin de Terre et des Jardins Familiaux ass dee gréissten europäeschen Zesummeschloss vun net kommerzielle Gäertner a Gäertnerfamillen.

De Virdeel vun esou engem groussen internationale Verband ass den Austausch vun Iddien an Erfarungen aus engersäits der Klenggäertnerei an anerersäits aus de Legislatiounen a Reglementer aus deenen verschiddene Länner. Esou kann deen eenzele Verband probéieren, dat, wat hien als gutt an interessant empfënnt, a sengem eegene Land och ëmzesetzen.

Den Office International ënnerstëtzt national a grenziwwerschreidend Projeten an huet d'Gaardenanlag Matgesfeld mat engem Diplom ausgezeechent.

Lauschtert hei

Gutt fir d'Haut a gutt fir d'Aen

D'Vitaminn A ass bei villen Prozesser an eisem Kierper bedeelegt, awer besonnesch kann ee seng Wierkung am Mechanismus vum Kucken a Gesinn ervirhiewen. Awer och säin Afloss op den Immunsystem ass wichteg. Bei engem Vitaminn A Manktem trieden Infektiounskrankheete gäre méi heefeg op, besonnesch vun den Otemweeër.

D'Vitaminn A gëtt et nëmmen a Liewensmëttel, virun allem an der Liewer, am Eegiel, am Botter, der Margarine, am mëllen an haarde Kéis an an der Ram.

D'Provitaminn A Beta-Carotin fënnt een och an deene Liewensmëttel, awer haaptsächlech am schéine faarwegen Uebst a Geméis, virun allem an de Wuerzelen, dem Spinat, de Séissgromperen, dem grénge Kabes, der Mauséiercherszalot, dem Cresson, dem rouder Paprika oder der Mango.

Lauschtert hei

"Causerie" mam franséische Journalist Gilles Van Grasdorff

C'est avec Jacques Chancel, le célèbre journaliste, ancien animateur de l'émission "Le grand Échiquier" et auteur e. a. des livres "Fugacités" chez Plon et "La mémoire de l'encre" paru aux éditions numéro 1, que le journaliste français Gilles Van Grasdorff a débuté en 2002 sa série de "Causerie" avec des personnalités du monde culturel et/ou politique. Homme de culture, Jacques Chancel était "conseiller" à la présidence de France Télévision. Cette émission était réalisée en partenariat avec le journal La voix du Luxembourg.

Lauschtert hei

En Tango fir de Venant Arendt

De Jempy Kemmer huet an den 1950er Joren eng Rëtsch Operette geschriwwen.

Hien dierft no Dicks, Louis Beicht oder Emil Boeres dee leschte gewiescht sinn, deen dës Traditioun zu Lëtzebuerg erfollegräich op d'Bün bruecht huet. Aus senger Operett "Ënner bloem Himmel" (1954) ass en Hit ervirgaangen, deen och nach an de Joren duerno en eegent Liewe féiere konnt: den "Tango Monaco" interpretéiert vum Venant Arendt.

Lauschtert hei

Belle nuit, ô nuit d'amour

Aus der Hand vum Jacques Offenbach, dem Meeschter vun der Opéra Comique, ass u sech just eng eenzeg grouss Oper entstanen. Am "Les contes d'Hoffmann" sinn eng Abberzuel vu bekannte Melodien.

Lauschtert hei

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen