Radioen

On air

Notturno  |  Beirut - Hadsel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Musekschef (net-Klassik) um radio 100,7 ass vum Verwaltungsrot ernannt gi fir de Poste vum Programmchef ze iwwerhuelen.

De Musekschef (net-Klassik) um radio 100,7 ass vum Verwaltungsrot ernannt gi fir de Poste vum Programmchef ze iwwerhuelen.

De Musekschef (net-Klassik) um radio 100,7 ass vum Verwaltungsrot ernannt gi fir de Poste vum Programmchef ze iwwerhuelen.

Copyright: Laura Poggi

De Verwaltungsrot vum radio 100,7 huet de 25. Januar 2022 den Yves Stephany zum neie Programmchef vum ëffentlech-rechtleche Radio ernannt. Hien ass de Moment Musekschef (net-Klassik) a schafft zanter 2008 fir de Radio. Den Yves Stephany ass doriwwer eraus Museker a Fotograf.

D'Roll vum Programmchef ass et allgemeng, zesumme mat de Verantwortleche vun den eenzelen Departementer, en attraktiven, kohärenten a reegelméisseg opgefrëschte Radiosprogramm ze definéieren. Hien ass am Spezielle Responsabel fir d'Ekipp vun den Animateure vum Radio. Zu sengen Aufgabe gehéiert et, déi grouss Prinzippie vum Service public konkret am Radiosprogramm ëmzesetzen an dobäi e gutt Gespier fir d'Erwaardungen a Besoine vun den Nolauschterer ze entwéckelen. De Programmchef rapportéiert un den Direkter vum Radio.

Den Yves Stephany gëtt domadder de Successeur vum Yann Logelin, dee bis Mäerz 2021 Programmchef war. Den Interim huet de Claude Faber assuréiert.