arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 24 Joer ale Prisonéier am Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique verstuerwen

National

|
reading time

1 min

24 Joer ale Prisonéier am Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique verstuerwen

Wéi d'Justiz matdeelt gouf am CHNP zu Ettelbréck de Moien ee Prisonéier dout fonnt. De Parquet vun Dikrech huet eng Autopsie ordonéiert.

reading time

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann)

Den 11. September eréischt wier de 24 Joer ale Mann an de Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique verluecht ginn. Wéi de Mann ëm d'Liewe komm ass, ass net gewosst. 

Op Nofro hi wollt de Parquet och keng weider Informatioune ginn, et géif een d'Autopsie elo ofwaarden.