24.5. Riicht eraus: kulturell Diversitéit zu Lëtzebuerg

Kulturell Diversitéit

Am Kader vum Internationalen Dag vun der kultureller Diversitéit fir den Dialog an d'Entwécklung (21. Mee), seet d'Audrey Azoulay, d'Generaldirectrice vun der UNESCO, datt eng Welt vun Diversitéit net just méi friddlech, mee och méi räich a méi gerecht ass. Liewe mir an esou enger Welt? Wéi steet et ëm déi kulturell Diversitéit zu Lëtzebuerg?

Doriwwer diskutéiert d'Valerija Berdi mat den Invitéen Ainhoa Achutegui, Directrice vum Kulturzenter Abtei Neimënster, der Kënschtlerin Sascha Ley an dem Direkter vum Institut Pierre Werner, den Olivier Frank, de 24. Mee um 11:00.

Riicht eraus, dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7.

Lauschtert hei

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Net verpassen

  • De Schwéierpunkt am November: Depressiounen

    Depressiounen

    Wanterblues vs Wanterdepressioun, klassesch Depressioun, Angschtstéierungen, Suicide, Impakt vun der Pandemie: Mir analyséiere de Sujet aus all méigleche Bléckwénkelen 

    All Dënschdeg um 13:15

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen