Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi en Afloss huet déi fréikandlech Sproochefërderung op d'Alphabetiséierung? Brauch et weider Alternativen an der ganz diverser Lëtzebuerger Schoullandschaft? Wat fir e Rôle spillt d'Lëtzebuergesch?

Wéi en Afloss huet déi fréikandlech Sproochefërderung op d'Alphabetiséierung? Brauch et weider Alternativen an der ganz diverser Lëtzebuerger Schoullandschaft? Wat fir e Rôle spillt d'Lëtzebuergesch?

Wéi en Afloss huet déi fréikandlech Sproochefërderung op d'Alphabetiséierung? Brauch et weider Alternativen an der ganz diverser Lëtzebuerger Schoullandschaft? Wat fir e Rôle spillt d'Lëtzebuergesch?

Traditionell geschitt d'Alphabetiséierung an der Lëtzebuerger Schoul op Däitsch, dobäi ass ee vun de Paradigmen d'Bréckefunktioun vum Lëtzebuergeschen am Zykle 1. Donieft ginn et awer an der ëffentlecher Schoul och haut schonns Alternativen, nämlech am Europaschoul-System.

Ronderëm d'Alphabetiséierung stelle sech vill Froen. Wéi en Afloss huet déi fréikandlech Sproochefërderung op d'Alphabetiséierung? Brauch et weider Alternativen an der ganz diverser Lëtzebuerger Schoullandschaft? Wat fir e Rôle spillt d'Lëtzebuergesch? Wat kréien d'Enseignanten an hirer Formatioun mat op de Wee fir d'Alphabetiséierung ze begleeden?

Dës an aner Froen stinn am Mëttelpunkt vun engem Webinar, dee SCRIPT a radio 100,7 zesummen ubidden.

Am Studio sinn:

  • D'Caroline Hornung, Fuerscherin beim Luxembourg Center for Educational Training op der Uni Lëtzebuerg
  • D'Sabrina Sattler, Fuerscherin beim Observatoire National de la Qualité Scolaire,
  • D'Sarah Scholtes, Enseignante am Zykle 2 zu Schëffleng
  • De Philippe Kloos, Direkter vun der Direction de l'Enseignement Fondamental Suessem.

An der Emissioun sinn zousätzlech eng ganz Rei vun Expertinnen an Experten ze héieren.

D'Nolauschter:inne kënnen hir Froen iwwer d'Email fro@webinar.lu oder iwwer WhatsApp op den 621 44 00 44 stellen.

D'Participatioun vun Enseignanten um Webinar gëtt vum IFEN als Formatioun unerkannt. Méi Informatiounen: www.ifen.lu

An Zesummenaarbecht mam SCRIPT