Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Webinar, zesumme mam SCRIPT, den Dënschdeg, 21. Mäerz 2023 vu 14:00-15:30 hei um radio 100,7

E Webinar, zesumme mam SCRIPT, den Dënschdeg, 21. Mäerz 2023 vu 14:00-15:30 hei um radio 100,7

E Webinar, zesumme mam SCRIPT, den Dënschdeg, 21. Mäerz 2023 vu 14:00-15:30 hei um radio 100,7

"Vun ChatGPT iwwer Google-Mega-Donnéeë bis bei Roboter - Den Ëmgang mat Artifizieller Intelligenz an der Schoul" den Dënschdeg, 21. Mäerz 2023 vu 14:00 bis 15:30 Auer hei um radio 100,7.

De Webinar gëtt vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mam radio 100,7 an dem Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) organiséiert a gëtt och live iwwer Video op eiser Internetsäit www.100komma7.lu gestreamt.

"Schreifs du nach selwer oder benotz du ChatGPT?", dee Saz kann een haut schonn um Schoulhaff héieren.

Spéitstens zanter der Publikatioun vun der leschter Versioun vu ChatGPT duerch d'Firma Open AI am November 2022 ass Kënschtlech Intelligenz an der Bildung en Theema, dat een net ignoréiere kann. War d'Resultat vum Chatbot am Ufank vläicht nach mëttelméisseg, esou huet sech banne kuerzer Zäit hei eng Weiderentwécklung gedoen, déi ganz vill Froen opwerft:

  • Wéi ginn ech ëm mat der Tatsaach, datt en Aufsatz vläicht vun enger AI geschriwwe gouf? Kann ech iwwerhaapt erausfannen, ob d'Schüler:innen oder d'Studenten an d'Studentinne selwer en Text erstallt hunn, oder ob si dee méi séieren an einfache Wee gewielt hunn? Muss ech dat iwwerhaapt erausfannen? A wéi bewäerten ech eng Aarbecht, vun där ech guer net méi weess, ob et eng Eegeleeschtung vun engem Mënsch oder d'Aarbecht vun engem Bot war?
  • Firwat reegt grad ChatGPT esou op?
  • Wat sinn aner AI-baséiert Applikatiounen, déi haut schonn an der Schoul genotzt ginn?
  • Wéi ka Léierpersonal AI positiv notzen an domat Aarbechten automatiséieren, fir op där anerer Säit méi Zäit ze kréie sech perséinlech ëm d'Weiderentwécklung vun de Schüler:innen ze këmmeren?
  • Wat sinn eethesch Froen, déi musse gestallt ginn: wie fiddert Datebanken op déi AI zeréckgräift a woumat? A wat geschitt, wann e Bot wéi ChatGPT net méi gratis ass?

Mat ronderëm den Dësch fir dëse Webinar iwwer Artifiziell Intelligenz sëtzen:

  • Daniela Hau, Responsable de Division beim SCRIPT, zoustänneg fir Innovatiounen an der Schoul. D'Daniela Hau interesséiert sech scho laang fir de Beräich vun der Artifizieller Intelligenz, schafft an nationalen an internationale Projeten zum Sujet mat an huet am SCRIPT ënner anerem de "Medienkompass" mat entwéckelt.
  • Fabrice Roth, Direkter vum Lycée des Arts et Métiers (LAM) an engem Future Hub, wou e staarken Accent op Digitaliséierung geluecht gëtt a wou och Artifiziell Intelligenz e wichtegt Theema ass.
  • Lukas Held, Philosophieprofesser am Lycée de Garçons Luxembourg (LGL) a Formateur um IFEN
  • Prof. Dr. Till Dembeck, Associate Professor op der Université du Luxembourg, Leeder vum Institut für deutsche Sprache, Literatur und für Interkulturalität

Mat weideren Aussoe vun Expertinnen/Experten, Schüler:innen an interesséierte Bierger probéiere mir e Basisverstoe vun de Méiglechkeeten, déi d'AI bitt, ze vermëttelen.

Moderatioun: Natasha Ehrmann