D'Duerchschnëttstemperatur louch zejoert a China bei 10,92 Grad. Dat war ronn 1 Grad méi wéi d'Joer virdrun. Déi véier wäermste Joren a China wieren an de leschte véier Joer gewiescht, esou nach déi chineesesch Wiederagence.
D'Welt-Wieder-Organisatioun hat ufanks der Woch betount: Dee vu Mënsche verursaachte Klimawiessel huet am Joer 2024 weider weltwäit extreem Wiederkonditiounen a Temperaturrekorde verursaacht. Dausende Leit wieren dowéinst ëm d'Liewe komm.