Radioen

On air

Notturno  |  Sam Wilkes - Ag

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2024 war naass a waarm

Bilan vu Meteolux

2024 war naass a waarm

D’Joer 2024 war een immens naasst Joer. Dee Bilan zitt de Luca Mathias vu MeteoLux op eis Nofro hin. Mat enger Zomm vun ëm déi 1.000 Liter op de Metercarré sinn d’lescht Joer ongeféier 260 Liter méi op de Metercarré gefall wéi an der 30-järeger Referenzperiod. Domat passt och d’Joer 2024 a punkto Wieder an den Trend vum Klimawandel, sou de Spriecher vu MeteoLux.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Reen | © Bigstock play_arrow
Foto: Bigstock

Net nëmme war et extrem naass, 2024 war och dat 8. wäermste Joer zënter dem Ufank vu den Opzeechnungen um Findel am Joer 1947. An der Moyenne hate mir 10,5 Grad iwwert d’Joer gekuckt, sou de Luca Mathias.

"Domat leie mer 0,7 Grad iwwert der Referenzmoyenne vun 1991 bis 2020."

Och wann d‘Joer 2020 mat an der Moyenne 11,3 Grad nach méi waarm gewiescht wier, géif d‘Moyenne vun dësem Joer weider an den Trend vun de méi waarme Joeren zënter 1991 passen.

Manner Sonn

E waarmt Joer heescht awer net automatesch méi Sonn. Do gouf et am Joer 2024 nämlech en Defizit vun 240 Sonnestonnen, op just nach 1.564 Sonnestonnen. 

"Dat heescht, do leie mer och e gudde Krack ënnert der Moyenne."

Dat géif och de subjektiven Androck erëm ginn, datt een d‘Sonn 2024 manner gesinn huet, wéi déi Jore virdrun, sou de Luca Mathias.

Äisreen, Héichwaasser an Donnerwierderen

D’Joer war awer och gepräägt vu markante Wiederevenementer. Direkt am Januar scho gouf et eng rout Warnung wéinst Äisreen, am Fréijoer dann en Héichwaasser, wou an der Haaptsaach d’Regioun ronderëm d’Uelzecht an d’Musel betraff waren, an am Summer goufen et vill Donnerwiederaktivitéite mam Héichpunkt um 29. Juni, wou eng immens kräfteg Donnerwiederfront iwwert d’Land gezunn ass.

Och d’lescht Joer gouf dann nees ee Rekord opgestallt. De Februar war dee wäermsten, zënter den Opnamen um Findel.

Wéi et fir 2025 ausgesäit, kéint ee fir de Moment nach net soen, sou de Luca Mathias, nodeems an der Nuecht op e Sonndeg Schnéi ka falen, géif et fir de Moment ausgesinn, wéi wann d’Temperaturen dono nees méi mëll ginn, sou nach de Luca Mathias.

Lauschterenplay_arrow