20 Milliarden Euro iwwer fënnef Joer wëll déi franséisch Regierung an d’Aarmutsbekämpfung investéieren. 200.000 nei Plazen an de Crèchë bis 2030, 156 Millioune fir karitativ Organisatiounen, eng besser Aglidderung an d’Aarbechtswelt. Dat si just e puer Mesuren, déi am Pacte de Solidarité enthale sinn. D’Familljen- a Solidaritéitsministesch Aurore Bergé huet de grousse But um Dënschdeg an der Emissioun "4 Vérités"op France 2 sou resuméiert: et soll eng direkt Ënnerstëtzung vun den betraffene Persoune ginn, mee och och strukturell Mesuren, well d'Aarmutsbekämpfung bei der Arbeschtsvermëttlung ufänkt.
De Pacte bréngt wéineg Ännerungen un der struktureller Aarmut
Den Haaptkritikpunkt vun de Solidaritéitsorganisatiounen ass awer grad, datt de Pacte zwar wichteg Mesuren enthält, awer keng strukturell déi à long terme d’Aarmut reduzéieren. Sou och d’Nathalie Latour, Directrice vun der Fédération des Acteurs de la Solidarité. Et wiere gutt Mesuren, mee se géifen net duergoen, well et keng strukturell Mesurë ginn.
D'Aarbecht ass de Wee aus der Aarmut heescht et vun der Regierung. D’Nathalie Latour gesäit de Problem awer méi villschichteg, well hei dacks vill Facteuren zesummekommen: Logementsproblemer, Gesondheetsproblemer, Kannerbetreiung, bei verschiddene Persoune géif all dat zesummekommen. Ze gleewen eng Aarbecht kéint all dat léise wier de falschen Usaz, sou d'Nathalie Latour.
Keng nei Mesuren am Beräich vum Logement
Vill méi misst ee sécherstellen, datt duerch strukturell Aarmutsbekämpfung déi betraffe Persounen a keng Ofhängegkeet vis-à-vis vu karitativen Ariichtunge geroden, mee fir sech selwer suerge kënnen.
Virun allem beim Logement weist sech d’Nathalie Latour enttäuscht, well hei keng nei Mesuren annoncéiert goufen. Aarmut ass eng deeglech Erausfuerderung fir déi Betraffe sot d’Premierministesch bei der Presentatioun vum Pacte. Et bléift ofzewaarden, ob dës duerch déi néi Mesurë méi kléng gëtt.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.