arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2.100 Schüler stellen hiert Wëssen op der Wëssenschaftsolympiad haut op d'Prouf

Educatioun

|
headphones

5 min

2.100 Schüler stellen hiert Wëssen op der Wëssenschaftsolympiad haut op d'Prouf

Eng 2.100 Schüler aus 28 Lycéeë gefalen d'Fächer Bio, Chimie a Physik esou gutt, datt si hiert Wëssen op der Naturwëssenschaft-Olympiad op d'Prouf stellen. No engem éischte Multiple-Choice-Test, deen d'Schüler:innen an hire Schoule schreiwen hu missen, koumen déi bescht 85 an eng Halleffinall.

headphones

5 min

© Moris Garzaro
(Foto: Moris Garzaro)

An der Halleffinall missten si nach eng Kéier theoreetesch Aufgabe léisen, fir dann an der grousser Finall ze stoen. Um Campus Geesseknäppchen am Gebai vum Michel Rodange war et da fir déi 24 beschte Jonker sou wäit.

Um éischte Stack an zwee vun de Science-Säll setzen d’Schüler:innen een niewent deem aneren a kucke konzentréiert op hir Blieder. Et ass esou roueg, et kéint ee bal mengen déi Jugendlech géifen eng ganz wichteg Prüfung schreiwen. Mee dat ass net de Fall.

Theema Schueberfouer: Gromperekichelcher analyséieren 

Mir observéieren: Eng Hotweels-Bunn, Stecker Wurscht ënner engem Mikroskop a Schüler:innen, déi sech géigesäiteg op hire Still am Krees dréien.

D’Schüler:innen, déi hei grad alles ginn, hu schonn zwou Etappen, also eng Qualifikatioun an eng Halleffinall hanner sech.

A Gruppe vu jeeweils dräi Schüler:inne mussen déi aacht Teams elo Aufgaben am Beräich Physik, Chimie a Bio léisen. Nëmmen déi bescht zwou Ekippen, mat de präziiste Resultater dierfe Lëtzebuerg op der Europäescher Naturwëssenschafts-Olympiad zu Lund a Schwede representéieren. 

Wéi all Joer huet d’Finall en Theema: dëst Joer dréit sech alles ëm d’Schueberfouer. De Jacques Pir, Bio-Proff am Mamer Lycée a Member vun der Jury, huet eng vun den Aufgaben erkläert. 

"Mir si jo op der Schueberfouer. Gromperekichelcher: Si mussen erausfannen, ob wierklech an de Gromperekichelcher dat dran ass, wat drop steet. Dat heescht, Gromperen, dat kann ee relativ einfach, andeem een eebe Stäerkt kuckt. An do kann een natierlech ganz vill fuddelen, wou ee Saachen drënner mëscht, déi vill méi bëlleg sinn an dann eeben net vu Lëtzebuerger ideal Bio Grompere kommen." 

Theema Schueberfouer: Grell Luuchten analyséieren 

Zu der Fouer gehéieren natierlech och all déi hell Luuchten, déi faarweg un de Spiller liichten. Dozou gouf et och eng Aufgab, wéi de Philip aus dem Lycée Aline Mayrisch erkläert. 

"Et geet u sech ëm d'LEDen. Et sinn zwou Etappen am Versuch, eng Kéier wéi vill Spannung s de brauchs, fir datt seng LED ufänkt mat liichten. Dat hunn ech elo gemooss. Ech hunn nach net ausgerechent d'Resultater. Dat maachen ech duerno nach. Ech maachen do schonn en zweete Versuch. Ech muss iergendwéi moossen: d'Wénkele vun de verschiddene Faarwe bei de LEDen an dann dat mat iergendwéi Ausfallwénkelen oder esou erausfannen."

Natierlech geet et heibäi vill ëm säin eegent Wëssen a wéi een dës Aufgaben ugeet, fir se ze léisen.

Schueberfouer | © Robert Glod / Flickr
Schueberfouer (Foto: Robert Glod / Flickr)

Ekippegeescht als wichtegsten Outil 

De wichtegsten Aspekt wier awer d’Zesummeschaffen an den Teams, eleng kéint een all d’Aufgaben an den dräi Stonne schlecht léisen, wéi de Jeff Kohnen, President vun der Associatioun déi des Olympiad organiséiert, erkläert.

Well déi zwou beschte Gruppen op déi international Finall a Schwede geschéckt ginn, mussen Teamwork an d’Opdeelung vun de verschiddenen Aufgabe stëmmen. D’Schüler:innen hunn heifir ganz verschidde Strategien, wéi si erklären. 

"Mir hu gekuckt, wéi mir an der Halleffinall elo ofgeschnidden hunn, dann hu mir gekuckt, wien et am beschte kann an dann hu mir eis deemno wéi opgedeelt. Mir hunn all déi mat där Aufgab ugefaangen, wou déi meeschte Punkten drop sinn. A mir hunn eis opgedeelt, deen ee mécht, d'Chimie, deen anere Bio, deen anere Physik, do wou mir eis am wuelste fillen."

Duerno géif een zesumme kucken, fir ze verbesseren. 

"Mir fänken un, all Mënsch huet sech elo eng erausgesicht, déi e wollt, an da wann e fäerdeg ass mat senger, deen éischten, dee fäerdeg ass, däerf sech dann déi nächst eraussichen, méchs dat wat iwwereg bleift. Also mir hunn eis allgemeng opgedeelt, dass ee Physik e Bio an ee Chimie mécht."

An da geet et fir d’Teams lass, d’Zäit leeft a si probéiere bei all den Aufgaben déi preziisten Äntwert erauszekréien. Ëmmerhi geet et ëm d’Participatioun un der europäescher Naturwëssenschafts-Olympiad Ufank Mee zu Lund a Schweden.

Haut am Laf vum Dag ginn d’Ekippen aus deene verschiddene Lycéeën dann iwwregens gewuer, wéi si ofgeschnidden hunn, a wéi eng zwou Ekippe Lëtzebuerg a Schweden däerfe representéieren.