News fir Kids
Dir hutt et vläicht de Moien an der Zeitung gelies oder um Radio an den Noriichten héieren: Intern Dokumenter vun der Lëtzebuerger Justiz sinn un d'Ëffentlechkeet geroden. Wéi konnt dat geschéien? A ëm wéi eng Dokumenter handelt et sech? Dat erkläert iech de Pierre Reyland aus der Noriichteredaktioun.
De Wollef ass net béiss
Et gouf e Wollef nogewisen an de leschten Deeg zu Lëtzebuerg - an natierlech ginn et elo nees verschidde Meenungen doriwwer, ob et gutt ass, datt de Wollef zeréck an eis Géigend kënnt. D'Monique Kirsch vum natur musée mat engem Bléck op de Wollef als Déier, als Deel vun eisem Ekosystem.
Gelies an erzielt
Gidd Dir och gär an d'Bidde puddelen? A verstitt dir net firwat d'Mama oder de Papa net esou frou sinn, wann d'Waasser no alle Säiten eraussprëtzt? De Jhemp Hoscheit huet mol eng Geschicht driwwer geschriwwen.
Aufgab vum Dag
Haut geet et drëm fir kreativ ze ginn! Du solls mat Hëllef vun den Biller vun der Kënschtlerin Muriel Moritz eng Geschicht erfannen a schreiwen.
Déi beschte Geschichte ginn op schouldoheem.lu presentéiert. Ënner all deenen, déi matmaachen, gi flott Präisser verloust.
De Coronavirus - Ee Buch fir Kanner
Coronavirus - jiddweree schwätzt dovun, net jiddweree versteet et ... a wéi sollt een och?
Net nëmmen déi Grouss verstinn net ëmmer, wat et mat dem Coronavirus op sech huet, och Kanner stelle sech vill Froen a sichen no Äntwerten.
Fir Kanner ze erklären, wat et mat dësem neiaartege Coronavirus op sech huet, hu Leit an England, Elizabeth Jenner, Kate Wilson an Nia Roberts e Buch extra fir Kanner geschriwwen, an et gouf gemoolt vum Axel Scheffler. Dee kennt dir, et ass deen nämmlechten, deen och de "Grüffelo" an de "Pip a Posy" gemoolt huet.
D'Leit vum Lëtzebuerger Verlag Kremart si sech du mam Verlag vu London Nosy Crow eens gi fir d'Buch op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen, an et kann een et gratis online liesen.
Dir fannt et op www.kremart.lu
Salut, Kanner bis muer.