Radioen

On air

De Moien  |  Blonde Redhead - Before

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Benevolat, Indianer an d'Barbra Streisand

De Benevolat, Indianer an d'Barbra Streisand

De Benevolat, Indianer an d'Barbra Streisand

De Benevolat an der Ligue

Hiren Asaz ass ganz wäertvoll a fir d'Leit ze motivéiere benevole matzeschaffe proposéiert d'Ligue intressant Formatiounen. D'Presidentin vun der Ligue Luxembourgeoise du Coin de Terre et du Foyer Martine Mergen informéiert iwwer de Benevolat.

Lauschtert hei

O déi Indianer

Am Lidd "O déi Indianer" verréit eis den Duo Colette a Fern, eng bestuete Koppel, wat d'Jugend an den 1960er wéi besiess esou gelies huet. Net "Harry Potter", mee all Geschicht vum Karl May, dem däitschen, ganz produktive Schrëftsteller, dee bekannt ass fir seng Abenteuerromaner, vun deenen de "Winnetou" am bekanntsten dierft sinn. Am Liddtext geet et ëm Irokesen, Sitting Bull, Old Shetterhand, Buffalo Bill, Bleechgesiichter, Routhait, Prairien, Friddenspäifen a Feierwaasser ... an e gewëssene Wawlihupp. Op déi däitsch Weis "Der alte Häuptling der Indianer" vum Werner Scharfenberger, Text vum Lëtzebuerger Schauspiller a Radiosmoderator (vu Beruff Coiffer) Léon Moulin. D'Single koum beim Label Edy Noël eraus.

Lauschtert hei

Ernärung am Alter - 2

Eis Liewensgewunnechten hu sech zanter Mëtt Mäerz staark verännert: manner Beweegung, Iessgewunnechten, déi op d'Kopp gehäit goufen, Problemer beim Akafen, manner oder keng sozial Kontakter, Desinfizéiere vun Hänn an Droe vu Masken. Mee och an dësen Zäiten ass et wichteg gesond an equilibréiert ze iessen an d'Iessen eiser Beweegung unzepassen. Mee wéi kann ee sech gesond ernären, andeems ee vläicht just eemol an der Woch akafen geet? Rotschléi vun der Claudine Mertens, Dieteticienne bei Servior.

Lauschtert hei

Binôme: Pilo Fonck an Henri Roemer

De Pilo Fonck a säin Iwwerraschungsgaascht. Eng Emissioun, an där de Jean Portante zwou Perséinlechkeeten aus der sozio-kultureller Zeen (Kultur, Politik, Wëssenschaft, Sport, asw.) vum Land empfaangen huet. Zwou Perséinlechkeeten aus deemselwechte Beräich, déi sech schätzen, eppes mateneen ze dinn hunn a Loscht hunn een iwwer deen aneren ze schwätzen. Zwee Portraiten sinn esou entstanen, op eng originell Aart a Weis gezeechent.

Lauschtert hei

"The Way We Were"

Vill Filmer hunn e groussen Erfolleg och duerch d'Musek, déi extra dofir geschriwwe gouf. Musek soll d'Emotioune vun de verschiddenen Zeene jo verstäerken. Titelsongs ginn dacks zu Standarden oder Klassiker, esou zum Beispill d'Titellidd aus dem Fim "The Way We Were" mat der Barbra Streisand. De Manuel Ribeiro mat Detailer.

Lauschtert hei