Radioen

On air

De Moien  |  Totally Enormous Extinct Dinosaurs - Crosswalk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pénktlechkeet, eng Vollkarschmier, de Paul Bervard an d'Joffer Alice Altmann a "Les parapluies de Cherbourg"

Pénktlechkeet, eng Vollkarschmier, de Paul Bervard an d'Joffer Alice Altmann a "Les parapluies de Cherbourg"

Pénktlechkeet, eng Vollkarschmier, de Paul Bervard an d'Joffer Alice Altmann a "Les parapluies de Cherbourg"

Et ass manéierlech pénktlech ze sinn

Huele mer un, Dir sidd den Owend invitéiert, um 8 Auer. Dat schéngt et jo manéierlech ze sinn, och um 8 Auer um Rendez-vous ze sinn. Mee et ginn awer och Leit, déi ze fréi kommen, wat net genial ass. An där anerer, déi ze spéit kommen. Et gi Leit, déi et einfach net fäerdeg brénge pénktlech ze sinn, awer net wëssen, wéi si et maache fir éiweg ze spéit drun ze spéit. De Jean Claude Majerus, deen ze spéit kommen net verquësse kann, huet sech iwwer Pénktlechkeet am Gudde Rot vun haut Gedanke gemaach.

Lauschtert hei

Eng wäiss Kuuscht géint eng Vollkarschmier

D'Offer u Brout ass immens grouss, mee wéi e Brout ass besser: hell, donkel, mat oder ouni Kären?Wie léiwer owes Kaffi drénkt mat Schmieren, amplaz eng waarm Moolzecht, mécht näischt verkéiert, virausgesat en huet da mëttes waarm giess. An et geet awer och ëmgedréit. Detailer mat der d'Dieteticienne Michèle Meyer

Lauschtert hei

Erlieft a Verzielt: Beaumontsgaass mam Paul Bervard an der Joffer Alice Altmann

De Paul Bervard (1927) ass an der Beaumontsgaass bei senger Groussmamm am Radio- a Fotogeschäft Anen grouss ginn, vis-à-vis vun der fréierer Vollekskichen, do wou haut een anert Gebai steet, a wou de Ministère de l'Intérieur seng Büroen huet. Mat sengen Elteren huet hie spéider am Garer Quartier gewunnt. Als Geschäftsmann koum de Paul Bervard an d'Kapuzinergaass zeréck, wou hie wärend 18 Joer eng Schneiderei fir Beruffskleedung hat.

De Paul Bervard erënnert sech u seng Kandheet bei der Groussmamm an am Garer Quartier a verzielt, wéi sech den Eck an der Stad ronderëm d'Beaumontsgaass, eng Stad an der Stad, am Laf vun der Zäit verännert huet. Eng Emissioun vum Carlo Link.

Lauschtert hei

Parapluies de Cherbourg

Et gi Filmer, déi Kult sinn, och wa se quasi net méi gewise ginn. 1964 bréngt de Jacques Demy de Film "Les parapluies de Cherbourg" eraus, virun allem mat Lidder, déi vum Michel Legrand geschriwwe goufen. De Manuel Ribeiro mat Detailer.

Lauschtert hei