Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De radio 100,7 mécht och dëst Joer mat beim Projet Media & Me an Dir kënnt Iech elo dofir umellen.

De radio 100,7 mécht och dëst Joer mat beim Projet Media & Me an Dir kënnt Iech elo dofir umellen.

De radio 100,7 mécht och dëst Joer mat beim Projet Media & Me an Dir kënnt Iech elo dofir umellen.

Wéi och déi Jore virdrun ass de radio 100,7 Partner beim Projet Media & Me - Backstage bei Medienberufen.

Bei dësem Projet kréie Jonker aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich an der Belsch d'Méiglechkeet d'Medielandschaft an der Groussregioun kennenzeléieren, fir en Abléck an eng spéider Beruffsorientatioun ze kréien. Interesséierter kënne bis de 25. Mäerz eng Kandidatur op info@media-and-me.de aschécken. Dës Kandidatur kann a Form vun enger Lettre de motivation, engem Video- oder Audiobäitrag, oder op eng aner kreativ Aart a Weis gemaach ginn.

Eng onofhängeg Jury sicht sech da bis zu 15 Kandidaten eraus, déi vun Abrëll bis Oktober an engem ëmfaassende Programm hanner d'Kulisse vun de verschiddene Medienhaiser luusse kënnen, fir eng Virstellung ze kréien, wat et heescht an engem Medieberuff ze schaffen.

D'Organisatioun vum Projet Media & Me iwwerhëlt MedienNetzwerk SaarlorLux e.V. mat der Ënnerstëtzung vun der Landesmedienanstalt Saarland. 26 Medienhaiser aus véier Länner huelen dëst Joer um Projet deel.

Fir weider Informatioune kënnt Dir Iech dës Dokumenter ukucken:

Media and Me - Bewerbungsphas (DE)
Media and Me - Bewerbungsphas (FR)

LMS Flyer M&M 2022 (DE)
LMS Flyer M&M 2022 (FR)
Media and Me - Poster 2022 (DE)
Media and Me - Poster 2022 (FR)

Hei am Video kritt Dir vun dräi Participante vum leschte Joer hir Erfarunge matgedeelt: