Radioen

On air

Moiesstudio  |  Lola Young - Messy

play_arrow Live
search

/ 151 Demonstranten an der armenescher Haaptstad festgeholl

Protestaktiounen

151 Demonstranten an der armenescher Haaptstad festgeholl

Déi armeenesch Police huet eng 151 Demonstranten an der Haaptstad Erevan festgeholl. D'Demonstrante hu géint d‘Decisioun vun der Regierung protestéiert, fir am Kader vu Friddensgespräicher, Terrain un den Noper Aserbaidschan ofzeginn.

auto_stories

1 min

Fändel Armenien | © picture alliance / Bildagentur-online | Sunny Celeste
Fändel Armenien (Foto: picture alliance / Bildagentur-online | Sunny Celeste)

Den Tosch war am Kader vu Friddensverhandlungen decidéiert ginn. D‘Protestaktioune lafe schonn zënter e puer Wochen an Armenien. Verlaangt gëtt, ënner anerem, d‘Demissioun vum Regierungschef Nikol Pachinian.