15.6. Generatiounen

15.6. Generatiounen.png

Inkontinenz am Alter

Blasenschwäche? Nein Danke! Incontinence? Non merci!, dat ass den Titel vun engem Dossier, deen een um Site vum RBS noliese kann oder an der Broschür "aktiv Dossier". Inkontinenz ass en Tabutheema, deen awer am RBS Center fir Altersfroen ëmmer nees thematiséiert gëtt, sief et an Artikelen oder mat Info-Konferenzen.

Belaaschtungsinkontinenz an Dranginkontinenz sinn déi heefegst Forme vun Inkontinenz bei eelere Leit. Den Alain Brever Direkter vum RBS Center fir Alterfroen schwätzt mam Angie Maquil iwwer méiglech Ursaachen a méiglech Therapien. Detailer och op http://www.rbs.lu

Lauschtert hei

Hien ass kee Millionär

Et geet ëm d'Traditioun vun der Matbestëmmung vun den Eltere beim Choix vum zukünftege Partner, déi am Vinylzäitalter nach akut war. D'Meedche fënnt de Victor immens, d'Eltere fannen de Victor net immens. Si hätte gären e "bessersituéierte" Mann fir hiert Meedchen an halen och dorobber.

D'Lidd gouf bei der Plackefirma Delta editéiert. Den Orchester vum Pianist Jean Roderes begleet d'Mesy Faber, déi am Januar 2020 an hirem 95. Liewensjoer verstuerwen ass.

Lauschtert hei

Kee Goût oder keng Méiglechkeet gutt ze knaen

Wa jonk Leit kee Fleesch méi iesse wëllen, huet dat meeschtens aner Ursaachen, wéi wann eeler Leit ufänken de Steak um Teller léien ze loossen.

Déierequälerei, Klima-, Ëmweltschutz a gesondheetlech Argumenter loossen ëmmer méi jonk Leit e Bou ronderëm d'Fleesch maachen a si gi Vegetarier, oder wa si ganz op déieresch Produite verzichten, vegan.

Och an den Altersheemer ginn et ëmmer méi Leit, déi kee Fleesch méi iesse wëllen, woubäi d'Ursaachen hei meeschtens ganz anerer sinn, wéi d'Dieteticienne Michèle Meyer an de Seniorenheemer observéiert huet.

Méi Informatiounen op https://dieteticienne-meyer.lu/

Lauschtert hei

Visittekaart: Marie Josée Kerschen

Am November 1993 war d'Marie-Josée Kerschen, Sculptrice vu Beruff, beim Jean Portante virum Mikro. Zesummen wollte si den Nolauschterer de Beruff vum Sculpteur hei zu Lëtzebuerg méi no bréngen. De Jean Portante wollt vun der Marie-Josée Kerschen ënner anerem wëssen, ob d'Lëtzebuerger Skulpturen a Molereien sech weise loossen a Leit unzéien?

Lauschtert hei

Hair - Good Morning Sunshine

Enn de 60er Jore sollt de Musical "Hair" wuel e Groussdeel vun der Gesellschaft schockéieren. Et geet ëm Drogen, Sex an Alkohol, mee och ëm probéieren am Fridden ze liewen. Dëst an enger Zäit, an där d'USA am Vietnamkrich involvéiert waren. Verschidde Melodië sinn haut Klassiker.

Detailer mam Manuel Ribeiro.

Lauschtert hei

 

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen