Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Concert live aus der Philharmonie den Owend um 20:00

Concert live aus der Philharmonie den Owend um 20:00

Concert live aus der Philharmonie den Owend um 20:00

No hirem Debut am Summer d'lescht Joer mat engem Récital ass déi italieenesch Pianistin Beatrice Rana haut den Owend nees an der Philharmonie ze erliewen - dës Kéier mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Si spillt d'"Paganini-Rhapsodie" vum Serge Rachmaninow. D'Beatrice Rana ass dann och d'Solistin op der uschléissender Spuenien-Tournée vum Orchester.

Um Programm:

  • Unsuk Chin: Subito con forza
  • Serge Rachmaninov: Rhapsodie iwwer een Theema vum Paganini
  • César Franck: Symphonie a ré mineur

Gustavo Gimeno, Direktioun

De radio 100,7 iwwerdréit de Concert den Owend vun 20 Auer u live aus der Philharmonie.

Lauschtert och hei en Interview vum Guy Engels mat der Beatrice Rana no der Generalprouf.