arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 122 Mediatiounen am Beräich vu Kommunikatiounsservicer, Energie a Postservicer

ILR

|
reading time

2 min

122 Mediatiounen am Beräich vu Kommunikatiounsservicer, Energie a Postservicer

D’Zuel vun de Mediatioune beim Institut luxembourgeois de régulation, ILR, bleift stabel. Mat 122 Mediatioune läit ee liicht iwwer dem Wäert vum leschte Joer, esou den Direkter vum ILR Luc Tapella op enger Pressekonferenz.

reading time

2 min

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

Den ILR mécht eng Mediatioun a Fäll, wou Privatpersounen e Konflikt mat engem professionelle Betrib hunn, deen net geléist ka ginn. An dem Fall probéiert den ILR mat de Bedeelegten no enger Léisung ze sichen.

Am dacksten wier den ILR d‘lescht Joer kontaktéiert ginn, wéinst engem Problem mat de Kommunikatiounsservicer, wéi beispillsweis POST oder Tango. 

Och d'Ofsoe vun enger Mediatioun ass meeschtens een Erfolleg

Alles an allem hätten dräi Véierel vun de Litigë, mat deenen ee befaasst war, och kënne regléiert ginn. Dozou zielen och déi Fäll, wou d'Demande vun enger Mediatioun refuséiert gëtt, erkläert d'Sophie Steichen vum Service juridique vum ILR. 

"D'Mediatioun ass e fräiwëllege Prozess. Dat heescht, den Defendeur, an dësem Fall de Professionellen, huet d'Méiglechkeet d'Demande ze refuséiere vu vir eran an net an d'Mediatioun mat net unzehuelen." 

An deene meeschte Fäll wier bei Refus och schonn eng méiglech Léisung mat geliwwert. 

"An deene Fäll huet d'Mediatioun gehollef, datt d'Parteien zesummekommen, datt den Accord, d'Eenegung, déi schonn amgaang ass, datt déi méi séier oflafe kann an datt et och méi einfach zu enger Eenegung kënnt." 

D'Sophie Steichen preziséiert, datt och Demandeure vun enger Mediatioun sech kënne zeréckzéien. Dacks géif dat geschéie, well de Problem scho geléist wier.