12.6. Generatiounen

12.6. Generatiounen

D'Ouverture vun de Club Senioren

D'Senioreclibb waren zou wärend dem Confinemet, mee et gouf awer weidergeschafft. Lues a lues gi se elo nees op, déi ronn 20 Club Senioren hei am Land. Den Alain Brever Direkter vum RBS Center fir Altersfroen informéiert.

Lauschtert hei

Nei Zockeren an der Moud

Ganz an der Moud, besonnesch an der Ernärung beim Zocker, ass och den Agavesirop. Well hien de Bluttzocker ganz wéineg beaflosst, gëtt en dacks als déi natierlech Alternativ zum Zocker duergestallt. Allerdéngs besteet den Agavesirop bal nëmmen aus Fruktos, a wéi mir gesinn hunn, sollt een däers als Diabetiker net ze vill konsuméieren!

Lauschtert hei

Eng engagéiert a kritesch Schrëftstellerin

D'Josiane Kartheiser gouf 1950 am Minett, méi genee zu Déifferdeng, gebuer. Si huet englesch an amerikanesch Literatur studéiert, als Literaturkritikerin geschafft a Lëtzebuergeschcoursë ginn. 2001 gouf d'Josiane Kartheiser Presidentin vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Verband, dem LSV. Si schreift op Lëtzebuergesch an op Däitsch,  Gedichter a Kuerzprosatexter. Si huet matgeschafft um Wäissbuch iwwer d'Drogeplaz Lëtzebuerg an um Franséisch-Lëtzebuergesch-Englesch-Dictionnaire. D'Josiane Kartheiser huet och Theaterstécker, Hörspiller a Kabaretstexter publizéiert. De Claude Mangen hat dës engagéiert a kritesch Schrëftstellerin 2004 an de Studio invitéiert.

Lauschtert hei

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen