11.6. Generatiounen

11.6. Generatiounen

Musek fir ze berouegen an Erënnerungen ze erwächen

Concerten, gespillt vu professionelle Museker kënnen hëllefen, déi ënnerlech Onrou vun eelere Mënschen e bëssen ze berouegen, mee och Erënnerungen, déi vläicht scho vergiess waren erëm opzeruffen. Haut ginn et zwou Concerts-Proposen vun der Fondatioun EME.

Lauschtert hei

Déi natierlech Séissstoffer

Op der Sich no Alternativen zum normalen Zocker ginn et nieft deene kënschtleche Séissstoffer och eng Rei natierlech Produkter, déi fir d'Séisse vun de Liewensmëttel kënne gebraucht ginn.

Ee vun deenen ass de Fruuchtzocker oder Fructose. Wéi d'Wuert et seet, fënnt een dësen einfachen Zocker a ville Friichten. Et kritt een en och als Pudder, fir en als Zockerzousaz an der Kiche kënnen ze gebrauchen.

Lauschtert hei

De Spéngelskrich

An de Méint Juli an August 1940 sinn déi éischt Spéngelen "Heim ins Reich" vun de Kollaborateure gedroe ginn. Als Reaktioun hate Lëtzebuerger Patrioten hir Ofzeeche vun der Onofhängegkeetsfeier vun 1939 ugespéngelt. De "Spéngelskrich" ass den 13. August 1940 richteg lassgaangen, wéi de Gauleiter Simon proklaméiert hat, d'Verfassung wier ausser Kraaft gesat a Lëtzebuerg hätt opgehalen als Land ze bestoen. Wéinst dem Droe vun dëse Spéngelen, meeschtens op de Reversen, goufen d'Patriote geschloen, gefoltert an esouguer deportéiert. An der Emissioun Erlieft a Verzeilt war de Léon Devaquet (1950-2009), ee geschichtlech Interesséierten a verwennte Sammler, dee sech zanter de 70er Jore mam Theema beschäftegt huet, Invité beim Carlo Link .

Lauschtert hei

D'Hechtercher aus der Stad

Dacks fléissen iwwer Jore bekannte Melodien an e Land eran an entwéckelen sech zu deene sougenannte Volleksmelodien. D'Hechtercher aus der Stad ass en typescht Beispill dofir, wéi sech eng franséisch Melodie zu engem Lëtzebuerger Lidd verwandelt huet.

 

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen