search

/ 100,7-Party mat Livemusek am Gudde Wëllen

Mir invitéieren

|
headphones

1 min

100,7-Party mat Livemusek am Gudde Wëllen

dasRADIAL, Sheebaba a Cleveland – dat ass d’Affiche vun der 100.7-Soirée den 10. Januar am Gudde Wëllen. Mir feiere Musek made in Luxembourg, an am Speziellen d’Participatioun vun dasRADIAL um Eurosonic Festival, de 16. Januar.

headphones

1 min

Den Eurosonic ass eng eemoleg Geleeënheet an der Karriär vun enger Artistin oder engem Artist fir sech virum europäesche Fachpublikum ze presentéieren. Acts wéi Franz Ferdinand, Jungle, Dua Lipa oder den James Blake hunn dem Festival an der hollännescher Stad Groningen op d’mannst en Deel vun hirem Succès ze verdanken.

dasRADIAL ass de musikalesche Projet vum Max Thommes. Den Acteur huet als Teenager als Drummer bei Inborn gespillt. Aktuell gëllt säi Fokus elektronesche Museksinstrumenter. Säin elektronesche Pop zitt Inspiratioun vun Neue Deutsche Welle an aus den Absurditéite vum digitalen Zäitalter.

Sheebaba ass en Art-Rock Duo vu Lëtzebuerg, dee gär mat Noise an Dark Wave flirt. Als Andrea Mancini presentéiert hie samschdes owes d’Emissioun Palatino FM, am Gudde Wëllen ass hien un den Decks: Als Ofschloss vun der Soirée danze mir mam Cleveland bis déif an d’Nuecht.

Virum Concert vun dasRADIAL ass och nach déi feierlech Iwwerreechung vum Klang 2025 fir de Song vum Joer.

An et lount sech schonn um 19 Auer an de Gudde Wëllen ze kommen. D’Ekipp vum 100,7 wäert hannert de Plackespiller fir de gudde Sound suergen. Kommt a feiert mat eis! Den Entrée ass fräi.