search

/ 10 Joer Brexit an d'Zoustëmmung fir den EU-Austrëtt gëtt ëmmer méi kleng

Groussbritannien

|
reading time

1 min

10 Joer Brexit an d'Zoustëmmung fir den EU-Austrëtt gëtt ëmmer méi kleng

Viru ronn zéng Joer hunn d'Britte sech an engem Referendum entscheet, fir aus der EU erauszetrieden. De Vott war relativ knapp, mat 51,9 Prozent fir den Austrëtt an 48,1 Prozent dogéint. Am Januar 2021 ass de Brexit du schliisslech a Kraaft getrueden.

reading time

1 min

© EPA/TAYFUN SALCI
(Foto: EPA/TAYFUN SALCI)

Zënter dem Austrëtt wier d'Liewen op der Insel wesentlech méi deier ginn. Déi deier Grenzinspektiounen an d'Importkäschte suergen dofir, datt d'Präisser vun de Liewensmëttel staark geklomme sinn. 

Haut ëmmer méi Leit géint de Brexit

Wéinst dem Brexit huet sech och d'Reese verännert. Britten dierfen net méi fräi an der EU liewen, schaffen a sech nëmmen eng begrenzten Zäit ouni Visa do ophalen. Duerch den Entry-Exit-System mussen d'Britten och bei de Grenzkontrolle stonnelaang waarden. 

57 Prozent vun de Britte fannen haut, datt de Brexit eng schlecht Iddi war. Just nach 30 Prozent empfannen et als déi richteg Decisioun. 

De Brexit war ënner anerem mam Verspriechen, d'Immigratioun ze stoppen, duerchgaangen. Déi huet allerdéngs nom EU-Austrëtt Rekordwäerter erlieft. Well nom Brexit ëmmer manner Europäer fortgaange sinn, si vill Mënschen aus aneren Deeler vun der Welt a Groussbritannien immigréiert. 

Lauschtert hei déi ganz Analys vun eiser Korrespondentin Claire Barthelmy iwwer 10 Joer Brexit