10.6. Mäin Europa: Ee Voucher fir regional ze reesen

10.6. Mäin Europa

Wéinst der Covid-19-Pandemie gouf den Tourismussecteur op d'Kopp gehäit, d'Reesgewunnechte musse sech änneren. D'Kris kann och eng Chance si fir de regionalen a méi nohaltegen Tourismus.

Luxembourg for Tourism an Quattropole viséieren dëst Joer eng éischter lokal Clientèle, déi d'Groussregioun a Lëtzebuerg nei soll entdecken. De Foyer de la femme proposéiert hire Memberen dëst Joer keng exotesch Reesen, mee Busreesen an Europa a sträicht d'Vakanzekolonien am Ausland.

An eiser Serie Mäin Europa seet d'Carole Schimmer, wou dëst Joer d'Rees higeet.
 
Mäin Europa: Mëttwoch, den 10.06. um 9:40 an 13:40 

Lauschtert hei

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen