10.6. Generatiounen

10.6. Generatiounen.png

Tibbi fir de Bibbi

De Bibbi ass dacks dekoréiert mat Fiederen a Blimmercher, a gëtt e bësselche queesch op der Frisur mat Spéngele festgehalen. En Hittchen mat laanger Geschicht an Traditioun, ganz beléift awer an den 1970er Joren, besonnesch bei méi extraen Uläss. An esou e Bibi, kombinéiert mat anere manner frëndleche Saachen, kann de Mann dann tibbi, tibbi maachen. Oder ass et guer net eleng oder iwwerhaapt net dee Bibi, dee gemengt ass. Eng gewëssen textlech Ambivalenz ass hei héchstwahrscheinlech vum Auteur vum Text och erwënscht gewiescht. Mam Georges Urwald

Lauschtert hei

De "falschen" Zocker

Ënner Séissstoffer versteet een eng ganz Rei vu natierlechen oder kënschtleche Substanzen di de Liewensmëttel e séisse Geschmaach ginn. Haut wëlle mir eis mat der Kategorie vun de kënschtleche Séissstoffer, och oft "falschen Zocker" genannt, befaassen.

Lauschtert hei

Freie goen, deemools an de 50er Joeren

Am Februar 2000 hat d'Nadine Entringer an der Emissioun Zäitzeien den Här an d' Madamm Heinen am Studio. Zanter 44 Joer waren si zu deem Ament matenee bestued. Wéi dat fréier war, Freie goen, Kenne leieren, Freien. Hu si eis verzielt an och wéi eng Etappe si no hirer Hochzäit zesummen erlieft hunn.

Lauschtert hei

Big Spender

Et gi vill bekannte Lidder aus laang vergiessene Musicals. Lidder, déi awer zu Standarde goufen, och wann d'Musicals nach kaum erwäänt ginn. Esou zum Beispill de Musical "Sweet Charity", aus deem awer d'Lidd "Big Spender" haut e Klassiker ass a wuel kaum een Jazzmuseker léisst deen aus.

Lauschtert hei

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen