"Symphonie heißt mir eben: mit allen Mitteln der vorhandenen Technik eine Welt aufbauen.", sot de Gustav Mahler emol. A genee dat mécht de Komponist a senger 3. Symphonie, déi de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg dëse Freideg (10.12.2021) vun 20:00-22:00 Auer ënner der Direktioun vu sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno opféiert.
De radio 100,7 iwwerdréit de Concert live.