10.03. Live Concert - Spanish Connection

Javier_Perianes-3-photo_Igor_Studio-XXxXXcm_COL_XXXDPI_RGB.jpg

Am September 2014 huet de Gustavo Gimeno a sengem éischte Concert mam OPL an der Philharmonie Musek vu sengem spuenesche Landsmann Manuel de Falla dirigéiert. Ee Joer méi spéit war de Gimeno Chefdirigent vum Orchester, an den Owend kënnt hie quasi zeréck op seng Wuerzelen a proposéiert "Noches en los jardines de España" vum Manuel de Falla.

Solist um Piano ass de Javier Perianes, och e Landsmann a laangjärege musikalesche Partner vum Gustavo Gimeno.

Am zweeten Deel vum Programm héiert Dir dann nach dem P.I. Tschaikowsky seng "Schicksalssymphonie", déi 5. Symphonie aus dem Joer 1888.

Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, den Owend um 20:00 Auer
um radio 100,7 live aus der Philharmonie

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Resonanzen

  • Den Nomëtteg

  • Noriichten

  • Kultur um 5

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen