D'Relatiounen tëschent Washington a Bréissel wieren iwwerdeems net op Aenhéicht, esou den US-President. D'NATO wier och net do gewiescht, fir d'USA ze ënnerstëtzen.
Iwwerdeems wëllt den Donald Trump datt déi "sënnlos Massakeren" an der Ukrain op en Enn ginn. Fir dat Zil ze erreechen, misst ee Friddensaccord hier, esou ee Spriecher vum Trump. Duerch massiv russesch Attacken op déi ukrainesch Haaptstad Kiew waren an der viregter Nuecht op d'mannst 27 Mënschen ëm d'Liewe komm.