Béid Petitioune krute ronderëm 10.000 Ënnerschrëften an hunn de Seuil vu 4.500, fir debattéiert ze ginn, bei wäitem iwwerschratt. Den Ufank mécht déi Debatt iwwer d'Petitioun, déi fënnt, datt LGBTQIA+ Sujeten näischt am Unterrecht vu Mannerjärege verluer hunn. Um politesche Plang ass d‘ADR déi eenzeg Partei, déi dës Petitioun ënnerstëtzt.
LGBTQIA+ Sujete wieren der ADR no kontrovers, an d‘Eltere missten de Choix kréien, ob hir Kanner dovu "beaflosst ginn", esou den ADR-Deputéierten Tom Weidig.
Hie freet sech iwwerdeems, firwat een de Fokus op LGBTQIA+ Communautéite leet, wann et nach vill aner Minoritéitsgruppe ginn. Da misst et fir all Grupp "Workshoppe" ginn, fir si gläich ze behandelen, esou den Tom Weidig.
Claire Delcourt: Et geet ëm Respekt an Akzeptanz
Um 9:15 Auer gëtt dann déi aner Petitioun debattéiert. Déi verlaangt eben, vill méi wéi bis elo an der schoulescher Erzéiung vu Mannerjäregen iwwer LGBTQIA+ Theemen ze schwätzen. Hannert där Approche steet zum Beispill d'LSAP an hir Deputéiert Claire Delcourt.
D‘Schoul hätt ee Bildungsoptrag, deemno misst ee léieren, wéi d‘Gesellschaft funktionéiert a wéi d‘Realitéit ausgesäit. Dozou géifen deemno och ënnerschiddlech Forme vu sexueller Orientéierung gehéieren.
Et géif heibäi och ëm géigesäitege Respekt an Akzeptanz goen, an dorëms, d‘Kanner viru Mobbing an Ausgrenzung ze schützen, wa si sech aneschters fillen, betount nach d‘Claire Delcourt.
Den Ament stinn d‘LGBTQIA+ Sujeten net konkret an de Schoulprogrammen, erkläert de Luc Weis vum SCRIPT. An de Programmer wier wuel eng sexuell an affektiv Bildung virgesinn, awer keng Matière explizit zu Sujeten, déi déi queer Communautéit betreffen.
De SCRIPT hätt allerdéngs Material ausgeschafft, dat Léierpersonal kéint benotzen, fir altersgerecht mat Schüler:innen ze schwätzen, wann esou een Theema an der Klass opkéim. D’Nofro fir esou Materialie wier och grouss. Dem Luc Weis no schwätzt näischt dogéint, fir méi LGBTQIA+ Sujeten an de Schoulen ze thematiséieren.
Aus pedagogescher Siicht ass et fir de Luc Weis jiddefalls kloer, datt een de Kanner keng Tatsaache ka virenthalen.
Interview mam Luc Weis