Wëllkomm an der Kannerkëscht vum Radio 100,7. Hei ginn et Lauschtergeschichten fir Kanner vun 3 Joer un: spannender, informativer, där déi d’Imaginatioun ureegen an där déi ënnerhalen. All hu se gemainsam, datt se hëllefen d’Sprooch ze léieren an ze entwéckelen – an dat alles ouni Ecran an ouni Publicitéiten.
D’Lauschterspiller a Podcasten aus de Kannerkëscht fënnt een an der Mediathéik vum Radio 100,7, iwwert den Internetsite 100komma7.lu an der mobiller App vum Radio 100,7. Wann een d’Kannerkëscht abonnéiert, kritt ee e Message, wann nei Geschichten do sinn. Dofir muss ee sech e Konto um Site uleeën. Da kann ee och eenzel Geschichte späicheren, fir datt ee se méi séier zeréck fënnt.
Nieft eenzelne Geschichte ginn et an der Kannerkëscht och Serien, déi mir Dir hei drënner virstellen:
Dräi luusseg, muusseg Monsteren
Eng Lauschtergeschicht iwwer dräi Monsteren, déi dovun dreemen erauszegoen, d’Welt dobaussen ze erueweren a schrecklech a grujeleg Monsteren ze sinn … och wa si a Wierklechkeet éischter ganz schei sinn a sech séier beandrocke loossen ...
Gutt-Nuecht-Geschichten
Geschichte fir kuerz virum aschlofen, aus de Bicher vum Sonja Bintener a gelies vum Martine Anne Breisch a Jean Bermes.
Pechschwéngchen
D’Aventure vum Hannes, engem klenge Fierkel aus enger Famill vu Glécksschwéngercher, dat iwwerzeegt ass, datt et just Pech huet... – vum Tessy Steffen-Koenig.
Wantergeschichten
Lauschtergeschichten aus der Wanterzäit, vun a mam Dan Tanson.
Déieregeschichten aus dem Wanterbësch
Déieregeschichten aus dem Wanterbësch, vum Trio Dora an der Fabienne Hollwege.
De Mukami
Wéi de klenge Pitt eng Stäreschnäitz gesäit, ergräift hien d’Gelegenheet: Hie wënscht sech en Hausdéier. Mä hie ka sech sou séier net entscheeden, ob et en Hond, eng Kaz oder eng Kanneenche soll ginn, datt hie de Mukami kritt, e ganz speziellt Hausdéier... – vum Anja Di Bartolomeo.
Kannerradionuecht
De leschte Freide vum November organiséiert de Radio 100,7 seng Kannerradionuecht : Vu 19 Auer bis Mëtternuecht gëtt de Radioprogramm just fir Kanner gemaach, vu 7 bis 8 fir déi méi kleng, vun 8 un fir déi aus der Grondschoul. Hei fënns Du déi grouss Lauschtergeschicht aus der Kannerradionuecht vun de leschte Joren, mä och vill aner Beiträg vun deem Owend.
Panda-Club
Geschichten, déi vun de Kanner, déi am Naturmusée sengem Panda-Club vu Kanner geschriwwen a gelies gi sinn.
De Jos
D'Aventure vum Jos, engem Jong vun 9 Joer, senger grousser Schwëster Nora an hierer Famill - vum Anja Di Bartolomeo.
Vun 3 Joer un
All d'Geschichten a Podcasten aus der Kannerkëscht fir Kanner am Alter vun dräi Joer a méi.
Vu 7 Joer un
All d'Geschichten a Podcasten aus der Kannerkëscht fir Kanner am Alter vu siwe Joer a méi.
Vun 10 Joer un
All d'Geschichten a Podcasten aus der Kannerkëscht fir Kanner am Alter vun zéng Joer a méi.
Déi ganz Kannerkëscht
All d‘Geschichten a Podcasten aus der Kannerkëscht fir Kanner vun all Alter.













