Ech hoffen Dir hutt 2024 bis ewell gemittlech ugefaangen! "Gemittlech“ - esou leeft et aktuell nach an dëser éischter Januarwoch punkto Museksreleasen. Dat gesot ass eis Museksekipp ëmmer op Zack a gëtt eis egal wéini am Joer nei a spannend Lidder mat op de Wee.
Am Song vum Dag féiere mir Iech haut op Maastricht. Dat mat enger Band, déi sech esou munch Stiler uechter d‘Welt uneegent. D‘Formatioun heescht Yīn Yīn, an hir nei Single "Takahashi Timing“.