Schwéierpunkt vum Dag
/ Wéi geet et fir déi Parteie weider, déi no dëse Walen net an d‘Chamber kommen?
Wéi geet et fir déi Parteie weider, déi no dëse Walen net an d‘Chamber kommen?
4 min
Och fir déi kleng Parteien ass et no de Chamberwalen Zäit, de Bilan ze zéien. An d’Chamber ass keng vun hinne komm. Mee Alleguer hu si d’Ambitioun, fir weider ze maachen, a ginn net onbedéngt enttäuscht aus dëse Walen eraus. Bei Foksu ginn d'Meenungen auserneen: de Frank Engel wëll sech zeréck zéien, a fir de Marc Ruppert kënnt et elo drop un, deene Stëmmen déi si kruten, och gerecht ze ginn. Fir Liberté-Fräiheet a Volt waren et déi éischt Chamberwalen. A fir d'KPL an déi Konservativ gëllt et elo, net opzeginn.
Alleguer déi kleng Parteie wëllen sech elo op d’Europawalen am Juni d’nächst Joer virbereeden.
Presentéiert vum
- Sophie Schroeder