Wëssenswäert
Wéi beaflossen Emailen déi digital CO2 Empreinte?
2 min
Et gi Liewensberäicher, déi zimmlech einfach mat der Ëmwelt ze associéiere sinn. Zum Beispill Energie, Kleeder, de Verbrauch vu Plastik, oder eis Ernärung. Dobäi gëtt et ee Beräich, dee permanent wiisst an onbemierkt bleift. Rieds geet vun Daten-Offall.
An der digitaler Welt gëtt et, änlech wéi an der Ëmwelt, e lauter Offall. E-Mailen, Dateien, Applikatiounen, Duplikater vu Fotoen a Videoe verursaachen digital Ëmweltverschmotzung a verbrauchen iwwerdeems Energie a Form vu Stroum. All Joer produzéieren den Internet an d’Systemer, déi en ënnerstëtzten, ronn 900 Milliounen Tonnen CO2. An den Trend klëmmt rapid. Jiddwereen, deen also ee PC benotzt, hannerléisst Tracen an Offall.
Wann ee méi genee op d’Cloud kuckt, fält op, datt ee Gigabyte gespäichert Donnéeën 11Kilo CO2 Equivalenter, entsprécht.
Wie sech net selwer eruntraut, ka mat Hëllef vun Applikatiounen, déi just fir d’Opraumen do sinn, doduerch kommen.
Ob E-Mailen, Fotoen an der Cloud oder generell gesinn, Daten, déi een zanter Méint oder Joren net méi benotzt, alles wat een opraumt hëlleft.
Wien iwweregens all Dag 11 E-Maile läscht, spuert schonn an engem Joer 91.000 TonnenCO2.