Europa Aktuell
Warschau: Grousse Protest fir méi Fraerechter
4 min
De leschte Freideg sinn d‘Polinnen zu Warschau op d‘Strooss gaangen, fir do géint dee staark konservative President vun hirem Land ze protestéieren. Deen hat annoncéiert, datt hie säi Veto géint d‘Liberaliséierung vun der Pëll fir duerno géif wëllen aleeën. Gläichzäiteg hunn d‘Manifestantinnen an der polnescher Haaptstad ugefaangen Drock op den Donald Tusk ze maachen, fir datt hien als neie Premier d‘Recht op Ofdreiwung weiderbréngt, esou wéi hien et am Walkampf versprach hat. Eise Warschau-Korrespondent Adrien Sarlat war bei der Manif dobäi.