Schwéierpunkt vum Dag
Unité de Police locale: vum 1. Juli 2024 un
5 min
De Pilotprojet vun der neier “Unité de Police locale” wäert den 1. Juli ufänken: dat huet d’Presidentin vun der Policegewerkschaft SNPGL am 100,7-Interview ugekënnegt.
D’Missioune vun de Beamte vun dëser Unitéit solle vun de jeeweilege Police-Regionaldirekteren zesumme mat de Buergermeeschteren definéiert ginn, esou d’Marlène Negrini.
De Minister Léon Gloden hat virun e puer Wochen annoncéiert, datt de Pilotprojet vu sechs Méint an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht soll lancéiert ginn.
Presentéiert vum
- Serge Kesseler