De Konflikt an der Ukrain an tëscht Israel an der Hamas an der Gazasträif beschäftegt de Regierungsrot.
Lëtzebuerg wäert compte tenu wat sech an der Ukrain ofspillt fir eng weider finanziell a militäresch Hëllef asetzen.
Och den Accueil vu Flüchtlingen aus der Ukrain gëtt sou laang wéi néideg weidergefouert. Wat de Regroupement familial vu Palestinenser ugeet, sou ass d'Regierung éischter skeptesch driwwer.