arrow_back_ios
Schwéierpunkt vum Dag
Total Sonnendäischtert an den USA, Kanada a Mexiko
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Haut Méindeg (8.4.) freet sech Nordamerika op e ganz spezielle Spektakel, eng Show vun der Natur an de Planéiten. Eng total Sonnendäischtert fänkt a Mexiko un a wäert den Dag zur Nuecht maachen, duerno och an den US-Staaten Texas, am Ohio, am Nordoste vun den USA an an Deeler vu Kanada. Op ville Plazen ass d'Meteo net grad perfekt, vill Wolleken a Ree sinn zum Beispill am Texas gemellt. Däischter wäert et trotzdeem ginn, mee d'Spill vun der Sonn a vum Mount kéint verstoppt bleiwen.