Fräie Mikro
Sursis fir d’Finanzplaz
4 min
An Europa hu Länner wéi Frankräich an Däitschland éischt national Gesetzer erlooss, mat deenen hir grouss Entreprisë verflicht goufen an hirer ganzer Liwwerketten no méigleche Verstéiss vu Mindeststandarden ze sichen an déi ze behiewen. An der EU huet déi Europäesch Kommissioun en Text preparéiert mam Zil eng Direktiv ze kréien, déi an all Memberstaat misst ëmgesat ginn.
Leschte Freideg gouf en Accord ugekënnegt, an do dierft een a munche Büroen op der Finanzplaz de Steen héieren hunn, dee vum Häerz gefall ass: Keng Verflichtunge fir Banken, Assurancen a Gestionnaire de fortune.
E Fräie Mikro vum Frank Wies, Affekot a Mënscherechtsaktivist