arrow_back_ios
Sequenza: Black Classical Music
Sequenza - Black Classical Music
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
D'Marian Anderson war d'Virbild fir all grouss schwaarz Sängerin aus dem 20. Joerhonnert, ënner anerem och fir d'Leontyne Price oder och d'Jessye Norman. Als Enkelin vun engem Sklav krut si sech am Europa vun den 1930er Joren duerchgesat. Zu Washington huet si 75.000 Mënschen op d'Bee bruecht an ass ouni Fro eng vun deene ganz ganz groussen an eiser Serie Black Classical Music, mengt d'Maria Gutierrez.
Musek
Klassik
mic_none
Presentéiert vum
- Maria Guterrez
Episoden
William Levi Dawson
E Komponist, deen op d'Sich no de Wuerzele vun der traditioneller afrikanescher Musek gaangen ass, an déi a senger eegener Musek verschafft huet.
Den éischten Afroamerikaner a ville Saachen
De William Grant Still war ee Pionéier a ville Beräicher vun der Musek.
Clarence Cameron White
Ee vun de wichtegste Geiiste vum Ufank vum 20. Joerhonnert
Florence Price
D'Florence Price war déi éischt afroamerikanesch Komponistin, där hir Sinfonië vu groussen amerikaneschen Orchesteren opgeféiert goufen.
Samuel Coleridge-Taylor
Dee schwaarze Komponist aus England war e Pionéier an der klassescher Musek.
Deen éischten afroamerikaneschen Operekomponist
Den Harry Lawrence Freeman huet iwwer 20 Opere geschriwwen.
Will Marion Cook
De Will Marion Cook huet an Däitschland Gei studéiert beim grousse Joseph Joachim.
King of Ragtime
De Scott Joplin ass bis haut nach weltberüümt mat senge Ragtimes.
Spirituals am Concertssall
Den Henry Thacker Burleigh ass dem Antonin Dvorak, dem Enrico Caruso oder dem Theodor Roosevelt begéint.
José White Laffite - Vu Kuba bis Paräis
De Geiist ass deen éischte schwaarze Solist bei den New Yorker Philharmoniker.
Pionéier an der Gittarmusek
Den afroamerikanesche Gittarist Justin Holland mécht sech am 19. Joerhonnert bekannt mat senger Musek a sengem Engagement.
E Star op der Gei
Den afroeuropäesche Geiist a Komponist George Bridgetower.
Joseph Bologne – de “Black Mozart”
Beschte Fechter aus Europa a Liblingsmuseker vun der Kinnigin Marie Antoinette
Komponist a Paschtouer
De Vicente Lusitano war ee vun de produktiivste schwaarze Kënschtler am Europa vum 16. Joerhonnert.
Vum Broadway an déi däitsch Charts
Deen afroamerikaneschen Operesänger Lawrence Winters wosst ze iwwerzeegen.
Vum Stroossesänger zum Concertsmuseker
D’Liewe vum afroamerikanesche Sänger Roland Hayes
Don’t worry be happy
E Liewensmotto, aus deem de Bobby McFerrin e Welthit gemaach huet.
Thomas Stimmel
"Die Kunst ist eine Tochter der Freiheit". D'Zitat vum Friedrich Schiller fënnt een op der Homepage vum Bassbariton Thomas Stimmel. D'Maria Gutierrez mécht e Portrait vum Sänger mat villen Talenter.
Sequenza - Black Classical Music
Marian Anderson
Leontyne Price
Déi éischt Schwaarz Primadonna, déi hartnäckeg, awer och mat engem gewëssen Humor géint d'Rassendiskriminéierung kämpft.
- 1
- 2