arrow_back_ios
Fiasko Fest
S01E14 Mir sinn all Loser: Antonia Ganeto a Franziska Peschel
headphones
51 min
Lauschteren
play_arrow
Et war einfach ze vill fir d’Matgrënnerin vu Finkapé,Antonia Ganeto. Ze vill vun allem an dat déi ganzen Zäiten. Dat heescht awer elo net, datt d’Antonia Ganeto näischt méi ze soen huet. Si brauch just heiansdo eng Paus, oder de richtege Moment. An dovu ginn et der genuch, zanterdeem d'Franziska Peschel zu Lëtzebuerg wunnt an dat war net emol geplangt. Mee elo ass alles okay, et ass gemittlech. Ass et ze gemittlech? Dat a vill aner Saache wëllt de Luc Spada vu sengen zwou Invitéeë wëssen.
Kultur
Episoden
S02E02 Mir scheiteren ëmmer nach: Paulette Lenert an Nora Schleich
Wéi fillt et sech un ze verléieren, a firwat ass et och mol wichteg, net ze wëssen, wéi et weidergeet.
S02E01 Mir scheiteren ëmmer nach: Ana Pinto an Nabila Özen
E Gesrpéich iwwer haislech Gewalt, Famillen an Nout an Affer sinn.
S01E20 Mir sinn all Loser: Jérôme Beck a Cest Karma
E Gespréich iwwer d'Froe vum Alter a wéi ee mat den Erwaardungen eens gëtt.
S01E19 Mir sinn all Loser: Gilles Pegel a Sarah Schleich
E Kënschtler, deen ënner dem Radar flitt an eng Kënschtlerin, déi och Proff ass.
S01E18 Mir sinn all Loser: Richard Döhmer an Anouk Wagener
Scheitere gehéiert dozou, am beschten deet et awer net ze wéi.
S01E17 Mir sinn all Loser: Patrick Michaely a Roland Meyer
Wat soll nach kommen a war fréier alles besser?
S01E16 Mir sinn all Loser: Jean-Louis Zeien a Roxanne Peguet
E Gespréich iwwer Mënschen, deenen et net gutt geet, eng besser Welt, a wat no de leschte Wierder iwwreg bléift.
S01E15: Carole Chaine a Ben Olinger
Mir schwätzen iwwer Gefiller, iwwer Angscht, iwwer Schüler:innen a Proffen.
S01E15 Mir sinn all Loser: Carole Chaine a Ben Olinger
Et geet ëm Gefiller, Angscht an och dorëms, wéini et besser ass näischt ze soen.
S01E14 Mir sinn all Loser: Antonia Ganeto a Franziska Peschel
E Gespréich iwwer Pausen a Gemittlechkeet, déi och mol ze vill ka sinn.
S01E13 Mir sinn all Loser: Chaild a Lea Linster
Vu Weeër, déi scho gaange goufen, a vun aneren, déi een nach goe muss.
S01E12 Mir sinn all Loser: Dr. Carole Bauer an Tullio Forgiarini
D'Relatioun tëschent Liewen an Doud an e Gespréich, bei deem vill geschwat gëtt.
S01E11 Mir sinn all Loser: David Angel an Enrico Lunghi
Et geet ëm Aktivismus an e Sträit, iwwert deen eigentlech net sollt geschwat ginn
S01E10 Mir sinn all Loser: Yaya an Nicool
E Gespréich tëscht Scheiteren, Chaos an Trash TV
S01E09 Mir sinn all Loser: Sacha Bachim a Kimberly Nelting
De Wëllen sech ëmmer nei z'erfannen a mat Erwaardungen ëm ze goen, waren d'Theeme vun dëser Episod.
S01E08 Mir sinn all Loser: Karel Lambert a Marlène Kreins
Eng Rees, déi an d’Welt vun der Konscht a vun der Moud andaucht.
S01E07 Mir sinn all Loser: Sandra Lieners a Georges Goerens
D'Sportlerin a Molerin an de Museker a Programmateur vun der Kufa philosophéiere iwwer al ginn, den Drive hanner der Kreativitéit a siche verzweifelt no leschte Wierder.
S01E06 Mir sinn all Loser: Josée Hansen an Alex Monteiro
Vun der Journalistin an dem Comedien a Psycholog wëllt de Moderator wëssen, wou nach Plaz fir ze scheitere bleift.
S01E05 Mir sinn all Loser: Yannick Lieners a Fabienne Dimmer
Wéi mat Situatiounen ëmgoen, déi net einfach sinn? Eng Fro, déi sech wéi e roude Fuedem duerch déi fënneft Episod vu Fiasko Fest zitt.
S01E04 Mir sinn all Loser: Blanche Weber, Cosimo Suglia
Presidentin vum Mouvement Ecologique as iwwerzeegten Idealistin, och wann et der allgemenger Weltsituatioun net gutt geet. An dee lëtzebuergesche Schrëftsteller léisst seng Echecken och gäre mat a seng Literatur afléissen.
- 1
- 2