arrow_back_ios

Fiasko Fest

100komma7.lu / Fiasko Fest

/ S01E11 Mir sinn all Loser: David Angel an Enrico Lunghi

S01E11 Mir sinn all Loser: David Angel an Enrico Lunghi

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

52 min

Den David Angel ass Zentralsekretär fir den OGBL an ass zënter senger Jugend aktivistesch ënnerwee. An anere Wierder: Hie pfleegt eng gewësse Sträitkultur. Weider ass den Enrico Lunghi zu Gaascht, deen a senger Vergaangenheet och e Sträit erlieft huet, dee Konsequenzen no sech gezunn huet. An eigentlech wollt de Luc Spada guer net sou vill iwwert "dat" Theema schwätzen, et ass awer trotzdeem geschitt. An zu gudder Lescht, déi lescht Wierder, wou den David Angel den éischte Gaascht ass, den "dat" wierklech verstanen huet.

_______________________________________

An deem Kontext des « Information postérieure », déi de Radio 100,7 verflicht ass ze publizéieren. Déi fréier RTL-Journaliste Sophie Schramm a Marc Thoma sou wéi de fréieren RTL-Direkter Alain Berwick beruffe sech op d’Gesetz vun 2004 iwwer d’fräi Meenungsäusserung an de Medie fir Positioun ze huelen zu Aussoen um Radio 100,7 an op 100komma7.lu. Am Zentrum vun där Affär am Joer 2016 stoung en Extrait aus engem Tëleesinterview, an deem 28 Sekonnen op eng Aart a Weis erausgeschnidde waren, datt dëst fir de Spectateur net ze erkenne war. Dëst gouf vum Presserot als e Verstouss géint d’journalistesch Deontologie a vum Medieregulateur ALIA als e Verstouss géint d’gesetzlech Verflichtunge vum engem Televisiounssender zu Lëtzebuerg gewäert.

An hirer Information postérieure bezéien d’Signatairë sech net op déi Decisiounen, mee op de Presseprozess, dee virun engem Strofgeriicht war, wat zu Lëtzebuerg absolut aussergewéinlech ass. Presseprozesser sinn normalerweis virun den Zivilgeriichter. An dësem Prozess, deen also no de Prozeduren a Krittäre vum Droit penal gefouert gouf, sinn déi dräi Ugekloten an zweeter Instanz fräigeschwat ginn.

Affär RTL-Lunghi-D'Aussoen op 100,7 am Liicht vum definitiven Arrêt vum 3. Juni 2026

An de Sendunge vum 3. Dezember 2016, dem 28. Februar 2023, dem 12. Mee 2024 an dem 17. Mee 2025 goufen an der Causa RTL-Lunghi op 100,7 schwéier Uschëllegunge géint RTL, d'Journaliste Sophie Schram, Marc Thoma an den deemolegen CEO vun RTL, Alain Berwick, gemaach.

Den definitiven Arrêt vun der Cour d'appel vum 3. Juni 2026 mécht et dofir noutwendeg, d‘Aussoen op 100,7 an der causa RTL-Lunghi mat de geriichtleche Feststellungen ze konfrontéieren.

Den 3. Dezember 2016 an der Sendung „Richt eraus“ sot de Jürgen Stoldt iwwer d'Interviewmethod vun der RTL-Sendung Nol op de Kapp:

"Dozou gehéiert och, datt an Interviewen „Fangfroen“ dacks widderholl ginn, fir datt d'Persoun, déi ee wëllt an den Eck drécken, iergendwann eppes vu sech gëtt, wat ee ka benotzen."

D'Josée Hansen huet an dër selwechter Sendung de Montage vun RTL esou definéiert: 

"Am Fong wier de Problem net d’Interviewtechnik, mee de Montage, deen dozou gefouert hätt, datt ee mengt, den Enrico Lunghi wier ee Monster dee géif Meedercher iessen."

Mat dëse Behaaptunge gouf suggeréiert, d'Sophie Schram hätt den Enrico Lunghi an eng Fal lackele wëllen, an de Montage hätt d'Realitéit verzerrt.

Den 28. Februar 2023 beim Optakt vum Prozess RTL-Lunghi, huet de Jacques Ganser op 100,7 gesot: 

"Et bleift onkloer ob d‘Journalistin wierklech beim Interview blesséiert gouf. (...) Den Enrico Lunghi hat de Verdacht, datt et sech ëm e coup monté wéinst senge kënschtleresche Choixen handelt a mécht Plainte."

Mat Referenz op den disziplinaresche Rapport vum zoustännege Regierungskommissär huet et geheescht: 

"E kënnt zur Conclusioun, datt am Montage vum RTL-Reportage Bild an Toun esou zesummegesat gi sinn, datt se e falscht Bild vun der Situatioun ofginn. Et gouf also gefuddelt, wat am Journalismus e No-Go ass."

An der Sendung vum 12. Mee 2024 vum Luc Spada mam Enrico Lunghi huet etgeheescht:

"Déi Blessuren, dat ass wierklech alles erfonnt (...) Also de Reportage brauch een am Detail e Moment auserneen ze huelen, da mierkt een, datt vum Titel bis de leschte Saz bannen näischt richteg ass, oder erfonnt oder gelunn." 

Genee ee Joer méi spéit, an der Sendung vum 12. Mee 2025 huet de Maurice Molitor an engem Interview den Här Lunghi gefrot:

"Hutt der ären Deuil eigentlech gemaach?" 

Den Enrico Lunghi äntwert:

"Et leit een ëmmer drënner. Ech well just, datt d'Wourecht gesot gëtt. Ech hunn der Mme. Schram net wéi gedoen, de ganze Reportage am Nol ass op Ligen opgebaut."

Den Arrêt nr: 278/26 X vun der Cour d'appel vum 03. Juni 2026 widderleet déi zentral Virwërf an Uschëllegungen, déi an de genannte Sendungen op 100,7 erhuewe goufen.

1. D'Virwërf vun enger Manipulatioun, engem „falsche Montage“ oder engem „Coup monté“

« Il ne ressort d'aucun élément du dossier répressif que si les 28 secondes étaient restées dans le reportage, le public aurait pu avoir une impression moins négative du comportement d'Enrico LUNGHI. La coupure de 28 secondes a partant été faite à bon droit ».

2. D'Behaaptung, d'Blessure vun der Journalistin wier „alles erfonnt“

« La Cour constate encore que les blessures subies par Sophie Schram sont dûment établies par les certificats médicaux régulièrement versés aux débats. Elle observe par ailleurs que l’incident à l’origine des ses lésions a fait l’objet d’une reconnaissance officielle en tant qu’accident du travail par l’Association d’assurance accident ».

3. D’Behaaptung, de Reportage wier op Lige gebaut

« La Cour d'appel retient que Sophie SCHRAM et Marc THOMA ont diffusé le reportage, sans qu’il n’y ait eu dépassement des limites de la liberté d'expression. (…) L’intention méchante ne saurait être retenue en l’espèce, le reportage litigieux reposant sur des éléments factuels établis et ne dépassant pas le cadre d’une critique journalistique sur un sujet d’intérêt général et partant ce qui doit être admis dans le cadre de la liberté d’expression. »

4. De Virworf vun enger bewosst inzenéierter Schiedegungsabsicht

« La Cour constate cependant qu’il ne ressort pas du reportage litigieux exprimé par ces derniers qu’ils avaient eu l’intention de nuire à la personne d'Enrico Lunghi en soi et d’exposer celui-ci au mépris public. Bien au contraire (…) La Cour retient que l’intention méchante ne saurait être retenue en l’espèce. »

5 Déi strofrechtlech Schlussfolgerung

« L’un des éléments constitutifs des infractions de calomnie, respectivement de diffamation, sinon d’injure-délit faisant défaut, celles-ci ne sauraient être retenus à l’encontre des prévenus »

Conclusioun: Déi deemoleg Journaliste Marc Thoma, Sophie Schram an de fréieren RTL-CEO Alain Berwick goufen op der ganzer Linn fräigesprach. Domadder widderleet den Arrêt vun der Cour d'Appel vum 3. Juni 2026 déi zentral Accusatiounen, déi op 100,7 verbreet goufen.

Episoden

S04E07 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Carmen Baustert | © Luc Spada

S04E07 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Carmen Baustert

D’Carmen Baustert bereit et net Kanner ze hunn, mee...
headphones

51 min

play_arrow
S04E06 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Laure Cales

S04E06 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Laure Cales

D’Laure Cales huet d’Noutbrems gezunn.
headphones

50 min

play_arrow
S04E05 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Maxime Toussaint | © Luc Spada

S04E05 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Maxime Toussaint

De Maxime Toussaint konnt näischt mat der Schoul ufänken.
headphones

53 min

play_arrow
S04E04 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Kodji | © Luc Spada

S04E04 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Kodji

D'Bürokratie ass d'Häll
headphones

50 min

play_arrow
S04E03 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Georg Poensgen | © Luc Spada

S04E03 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Georg Poensgen

De Georg Poensgen a seng Impulser
headphones

52 min

play_arrow
S04E02 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Katrin Kohl

S04E02 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Katrin Kohl

Kann ee vun Affer schwätzen, wann ee sech et selwer erausgesicht huet?
headphones

47 min

play_arrow
S04E01 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Marc Angel | © Radio 100,7

S04E01 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Marc Angel

De Marc Angel an enger Bar zu New York
headphones

53 min

play_arrow
S03E44 Heiansdo deet et wéi: Nora Kehli | © Luc Spada

S03E44 Heiansdo deet et wéi: Nora Kehli

D'Nora Kehli well net enttäuschen.
headphones

52 min

play_arrow
S03E43 Heiansdo deet et wéi: Oke | © Luc Spada

S03E43 Heiansdo deet et wéi: Oke

Ukommen trotz Rassismus: Et dauert net laang, wann een e Gespréich mam Museker Oke féiert, bis datt d’Theema Identitéit opkënnt. Identitéit an all senge Facetten.
headphones

53 min

play_arrow
S03E42 Heiansdo deet et wéi: Ben Bauler

S03E42 Heiansdo deet et wéi: Ben Bauler

Villes war net sou geplangt
headphones

52 min

play_arrow
S03E41 Heiansdo deet et wéi: Julie Costa | © Luc Spada

S03E41 Heiansdo deet et wéi: Julie Costa

D’Julie Costa ass komesch, esou bezeechent d’Chargée de communication an Creatrice vu "Luxemburg does it best" sech selwer.
headphones

51 min

play_arrow
S03E40 Heiansdo deet et wéi: Liz Braz | © Luc Spada

S03E40 Heiansdo deet et wéi: Liz Braz

Et geet natierlech ëm d'Politik, awer och ëm e Stalker an een Owend aus dem Joer 2019, bei deem si sech nach un alles erënnere kann.
headphones

51 min

play_arrow
S03E39 Heiansdo deet et wéi: Edwin Aldin | © Luc Spada

S03E39 Heiansdo deet et wéi: Edwin Aldin

Den Edwin Aldin ka villes an näischt.
headphones

51 min

play_arrow
S03E38 Heiansdo deet et wéi: Frédérique Colling | © Luc Spada

S03E38 Heiansdo deet et wéi: Frédérique Colling

D’Schauspillerin a Comedian ass ëmmer bëssen ze spéit.
headphones

51 min

play_arrow
S03E37 Heiansdo deet et wéi: Laurent Agostino (Live)

S03E37 Heiansdo deet et wéi: Laurent Agostino (Live)

An der éischter Editioun vu Fiasko Fest Live, hat de Luc Spada de Laurent Agostino op Besuch.
headphones

81 min

play_arrow
S03E36 Heiansdo deet et wéi: Laurent Prim | © Luc Spada

S03E36 Heiansdo deet et wéi: Laurent Prim

De Laurent Prim iwwert d'Vergiessen
headphones

61 min

play_arrow
S03E35 Heiansdo deet et wéi: Simone Asselborn-Bintz | © Luc Spada

S03E35 Heiansdo deet et wéi: Simone Asselborn-Bintz

D’Simone Asselborn-Bintz erënnert sech bei Fiasko Fest un hire leschte Shitstorm.
headphones

50 min

play_arrow
S03E34 Heiansdo deet et wéi: Ricardo Prosperi | © Luc Spada

S03E34 Heiansdo deet et wéi: Ricardo Prosperi

De Ricardo Prosperi léisst sech esou séier net méi beandrocken.
headphones

50 min

play_arrow
S03E33 Heiansdo deet et wéi: Chantal Maquet

S03E33 Heiansdo deet et wéi: Chantal Maquet

Eng Saach ass kloer: Kriibs ass fir näischt ze gebrauchen!
headphones

51 min

play_arrow
S03E32 Heiansdo deet et wéi: Marianne Donven

S03E32 Heiansdo deet et wéi: Marianne Donven

D'Marianne Donven huet hir privat Besoinen ofgeschaaft.
headphones

55 min

play_arrow