Eent vun deene bedeitendste Kammermusekswierker vum 20. Jorhonnert, dem Olivier Messiaen säi Quatuor pour la fin du temps, ass um Programm vun dëser Emissioun. Dëst Wierk, dat 1941 am Krichsgefaangenelager a Schlesie geschriwwe gouef, gëtt encadréiert vu Musek vum Jacques Ibert, der Andrea Tarrodi an dem Steingrimur Rohloff, opgeholl beim Kammermuseksfestival vu Bastad a Schweden. De Remy Franck presentéiert dës Emissioun.
Programm:
Jacques Ibert: Trois pièces brèves
Carion Wind Quintet
Andrea Tarrodi: Madárdal, Sträichquartett Nr. 2
Opus13 Quartet
Sonoko Miriam Welde, Gei
Edvard Erdal, Gei
Michael Andreas Grolid, Viola
Daniel Thorell, Cello
Steingrimur Rohloff: Die 4 Himmelsrichtungen
Olivier Messiaen: Quatuor pour la fin du temps
Messiaen Quartet Copenhagen
Malin William-Olsson, Gei
Carl Oscar Østerlind, Cello
Kristoffer Hyldig, Piano
Viktor Wennesz, Klarinett