A Polen huet gëschter de President Andrzej Duda annoncéiert, datt d‘Entloossung vum Procureur général duerch d‘Regierung vum Donald Tusk illegal war. Et handelt sech dobäi ëm déi lescht Episod vun der Konfrontatioun, déi schonn zanter Wochen dauert tëschent där neier Regierung an dem Staatschef, dee Member vun der national-konservativer Partei PIS ass, déi elo an der Oppositioun ass.
Wéi geet et weider a Polen? Mir kucken dorop mat eisem Korrespondent Adrien Sarlat.