Schwéierpunkt vum Dag
Pakistan: ONGe fäerten eng humanitär Katastroph
8 min
Am Pakistan ass dëse Mëttwoch en Delai ofgelaf, fir d’afghanesch Flüchtlingen ouni gülteg Openthaltsgeneemegung. Si ginn elo gezwongen de Pakistan ze verloossen. Ronn 1,7 Millioune Mënsche sinn dovunner betraff. Wien d’Land net fräiwëlleg verléisst, riskéiert eng forcéiert Ausweisung. 49 speziell Retentiouns Zentere goufen ageriicht, vun deenen der e puer Dausende Leit kënnen ophuelen. Hannergrond wier, der Regierung no, d’Verschlechterung vun der Sécherheetssituatioun an der Grenzregioun tëschent béide Länner. Mënscherechtsorganisatioune fuerdere méi Zäit fir eng Ausrees ze preparéieren. Verschidden Afghane liewen nämlech schonn zanter e puer Joer am Pakistan. D’ONGen hunn elo Alarm geschloen, si fäerten eng humanitär Katastroph. Den ARD Korrespondent Peter Hornung mat den Detailer