Panorama
Owespanorama
11 min
1 D‘Baisse vun der Demande um Wunnengsmaart huet negativ Konsequenzen op d‘Aktivitéiten am Bausecteur, dat geet aus dem neie Konjunktur-Flash vum Statec ervir
2. Eng 5.000 Finanzbedeelegungsgesellschaften hei am Land hunn eng ze héich Minimalsteier bezuelt: dës Zuel huet de Gilles Roth haut an der Sitzung vun der Chamber-Finanzkommissioun genannt
3. D‘EU-Kommissioun huet haut d‘Zouloossung vum Herbizid Glyphosat an der EU ëm zéng Joer verlängert. Ënner den EU-Staate hat et weder eng Majoritéit fir eng Zouloossung nach eng géint d‘Zouloossung ginn
4. Freed an Indien, wou no zwou an enger hallwer Woch déi 41 Aarbechter, déi an engem Tunnel blockéiert waren, gerett konnte ginn
5. Finnland huet haut säi leschte Grenzpassage mat Russland zougemaach, dat huet de finnesche Regierungschef Petteri Orpo matgedeelt
Presentéiert vum
- Jacques Ganser